Ab dem Samsden méi waarem

De Summer mëcht am Moment eng Paus a léisst eis mat Reenschaueren a méi killen Temperaturen am Stach. Scho gläich kéint ët awer schon rëm méi waarem am Ländchen ginn.

Nom Weekend méi héich Temperaturen

Am Moment sinn sëch d’Modeller nët esou ganz sëcher, wéi genee ët mat eisem Wieder weidergeet. Wann een sëch déi duerchschnëttlech Berechnungen awer sou ukuckt, wärt et ab dem Samsden an sou richtëg réicht ab der nächster Woch no an no méi waarem ginn. Vir de Moment gesäit ët sou aus, wéi wann ët de Sonndën op e puer Plaatzen am Land mat Temperaturen vun iwwer 25 Grad rëm summerlëch kéint ginn, de Méinden dann haaptsächlech just am Süden. Nodeems d’Temperaturen den Dënschden rëm ë bësse rofginn, kann ët den Mëttwoch an den Donnëschden awer schon rëm méi waarem ginn. Do wieren aktuelle Berechnungen no rem iwwer 25 Grad méigleg.

De Verlaaf vun den Temperaturen a vum Nidderschlag vir déi nächst Zäit weist eis dësen GEFS Ensemble.



Grafik: meteociel.fr

Waat d’Linnen méi no uneneen sinn, waat d’Wiederlaag méi sëcher ass. Daat ass logëscherweis vir déi nächst puer Deeg de Fall. Onsëcher gëtt ët, soubaal sëch déi Linnen auserneen beweegen, waat schon ab dem 02. August de Fall ass.