Ab der neier Woch rëm méi mëll

De Weekend bleift ët nach kaal zu Lëtzebuerg. Vun der neier Woch un ännert sëch awer sou bëssen eppes.

Wanterlëch bis de Weekend inclus

Bis de Sonndën leie mir ënnert dem Afloss vu kaale Loftmassen, wouduerch ët bei eis och nach weiderhin zu Buedemfrascht, glaate Stroossen a Schnéischauere komme kann. Haut um Freiden ass et beispillsweis meechtens bedeckt, lokal Flacken kënne nët ausgeschloss ginn. Am Norden klammen d’Temperaturen mol nët iwwert de Gefréierpunkt.

Déi niddrëg Temperaturen wärten awer den aktuelle Modellrechnunge nët méi all ze laang unhaalen. Ab der neier Woch ass eng liicht Erwiermung ze gesinn, wouduerch de Risk vu Schnéifall rëm däitlech zréckgoe géif. Domadden kéim ët dann och nët méi sou oft zu glaate Stroossen.