Bis zu 27 Grad, mee waat dann?

Dës Woch brauch ee sëch keng Suergen ëmt d’Wieder ze maachen. Duerch d’Omega-Wiederlaag bleift ët stännëg sonnëg a waarem. Mee daat kéint scho gläich rëm en Enn hunn.

Modellgeflüster

An dëser Woch kënnen virun allem den Donnëschden an de Freiden Temperaturen vun ëm déi 27 Grad ereecht ginn. Um Samsden gëtt ët just minimal méi kill an um Sonndën kéint ët zäitweis méi wolléckëg ginn bei gläichbleiwender Temperatur.

Ab dem nächste Méinden kënnt d’Héichdrocklaag un d’Wacklen. Wéi een dem Ensemble enthuele kann, klëmmt dann de Risk vu Schaueren an Donnerwiederen, och d’Temperature géife laut de meechte Memberen zréckgoen.
Grafik: meteociel.fr

Aktuell Wiedermodeller an och den aktuellen GEFS Ensemble simuléieren éicht Signaler vir e signifikanten Temperaturréckgang ab dem nächste Méinden. D’Temperature kéinten dobäi ëm 10 Grad faalen. Nidderschléi wieren dann och méiglëg, daat demno wéi a Form vun enger Donnerwiederfront, déi sech entlaang vun enger Kaalfront forméiere kann.

Ët gëtt nach eng zweet Variant

Manner wahrscheinlëch, mee awer méiglëg: Wann d’Omega-Laag méi laang stabil bleift wéi de Moment berechent, woufir ët um Ensemble och Undeitunge ginn, da géif ët och ufanks der neier Woch nach schéi summerlëch bleiwen. Dee Moment wiere just méi Wollécken um Himmel ënnerwee.

Fazit

Vun der neier Woch un wärt sëch eppes änneren. Daat mecht sëch am aller wahrscheinlëchsten duerch ëmmer méi onbestännëgt Wieder bemierkbar, wéi z.b a Form vu konvektive Schaueren an Donnerwiederen. Ët wärten zumools méi Wollécken ënnerwee sinn. D’Temperaturen mussen awer während dëser Phase nët onbedingt wäit faalen. Wann d’Laag méi kloer gëtt, kënnt en Update.