Arctic Outbreak: Geschwënn nach vill méi kaal?

Sou muncher een huet sëch an de leschte Woche bestëmmt schon iwwert d’Keelt opgereegt. Daat wärt, gleeft een den aktuelle Berechnunge, soubaal nach nët ophaalen. E sougenannten “Arctic Outbreak” ass méigleg, bei deem nach méi kaal Loftmassen an eis Géigende gelenkt kënne ginn.

Arctic Outbreak

Ënnert engem Arctic Outbreak versteet een an der Meteorologie den Zoufloss vun äisëge Loftmassen, ausgeléist duerch eng gënschtëg Konstallatioun vun den Drockgebitter. Am Fall vun den aktuelle Modellrechnunge lenkt Enn dëser Woch/ufanks nächster Woch e grousst Héich iwwer Schottland déi klirrend kaal Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa, wouduerch och daagsiwwer mat Dauerfrascht ze rechne wier.

Den europäëschen ECMWF huet bisewell déi keelst Léisung am Petto. Grafik: wxcharts.eu

An enger Héicht vun annerhalwem Kilometer (also op 850 hPa) géif d’Temperatur nëmme nach -18 Grad bedroen, ënner Ëmstänn sinn och bis zu -20 Grad dran. Bei eis um Buedem géif ët doduerch och drastësch no ënne goen mat eisen Temperaturen. Kënnt ët wéi berechent, da géifen d’Temperaturen daagsiwwer zwëschen -10 a 0 Grad leien. An de Nuechte wieren dann bis zu -15 Grad oder lokal souguer manner nët auszeschléissen.

E weidere Faktor, deen daat ganzt nach méi markant maache kann, ass de Wand. Dëse kann während dem Antreffe vun dëse Loftmassen och ë bësse méi frësch ënnerwee sinn, wouduerch sëch déi eigentlech Temperaturen direkt nach ë puer Grad méi kaal ufille.

Laag nach nët sëcher

Well dës Wiederlaag nach gutt eng Woch an der Zukunft läit, a soumadde scho baal zum “Glaskurelberäich” gehéiert, ginn ët nach gewëss Onsëcherheeten. Dem amerikanësche Wiedermodell GFS no sollt daat ganzt schon ë bëssen éichter bei eis antreffen, mee a Form vun engem Sträifschoss. Am Uschloss gi keng soueng niddrëg Temperature méi berechent wéi vum ECMWF. De kanadësche Globalmodell GEM gesäit daat ganzt de Moment ähnlëch, mee och nët grad esou kaal wéi den ECMWF.

Op waat kann een sëch astellen?

Och wann soueen Arctic Outbreak nët all ze oft virkënnt, sollt een d’Kierch awer nach am Duerf lossen. Ët ass vir déi nächst Zäit ganz wahrscheinlëch, dass ët nach e Stéck méi kaal bei eis gëtt. Wéi genau sëch daat ganzt entwéckle wärt, wees een wéi ëmmer réicht ë puer Deeg virdrun. Ët steet awer fest, dass an de nächsten Deeg d’Heizungen op alle Fall ëmmer méi a méi staark an den Asaatz kommen souwéi och den Uewen, wa Dir genuch Holz dovir hutt.

Zum Schluss nach en Ensemble vum GEFS, op deem een ofliese kann, wéi sëcher d’Wiederentwécklung bis de 6. März ass. Waat d’Linne méi no unenee sinn, waat eng Wiederlaag méi sëcher ass. Wa se wäit ausernee ginn, ass daat een Zeechen dovir, dass grouss Onsëcherheete bestinn. Trotz engem breede Spread vir de nächste Weekend stinn d’Zeechen also op nach méi niddrëg Temperaturen.

GEFS Ensemble mat engem kloeren Downtrend vun den Temperaturen Grafik: meteociel.fr