Ass de Wanter elo endgültëg fort?

De Sonnden (08.04.2018) war ët souwäit! Virun zwou Wochen hunn ech Iech op dëser Plaatz quasi versprach, dass sëch d’Wieder an Zäit vun zwou Woche komplett ännere wärt. Verbreet uechtert Land koum ët vir d’éichte Kéier dëst Joer zu engem meteorologësche Summerdag, also Temperaturen, déi iwwer 25 Grad geklomme sinn. Ass daat dann elo duergaange, dass de Wanter sech nët méi weise kënnt?

Mëll Zäite stinn un

Ët war elo zimmlech séier gaangen: Viru gutt dräi Wochen haate mir nach Temperaturen vun ëmt dem Gefréierpunkt am Daag. Ët war nach richtëg Wanter am Verglach zu deem, waat mir elo hunn.

Mee wéi geet ët virun? Haut um Dënschden ass e méi killen Daag ugesoot, ier ët a nächster Zäit rëm markant méi waarem kéint ginn. Daat ass gutt um GEFS Ensemble, deen bis de 25. Abrëll geet, ze erkennen. Den aktuelle Laaf rechent domadden, dass ët nach bis mindestens Mëtt Abrëll mëll bei eis bleift. Doriwwer eraus ass ët nët onwahrscheinlëch, dass mir a Richtung Enn vum Mount op e Neits summerlëch Temperaturen ze gesi kréien.

Wéi een der Grafik (hei ënnendrënner) enthuele kann, ginn d’Linnen virun allem Enn Abrëll wäit auserneen, waat en Zeechen vun enger Onsëcherheet ass. Bleift awer nach ze soen, dass déi meecht Memberen (Linnen) awer der Meenung sinn, dass ët wierklech waarem bleift/gëtt. Dëse Mount ass och méiglegerweis mat nët sou vill Reen ze rechnen, wéi am leschten.

Kënnt de Wanter zréck? Wann een déi aktuell Modellleef esou kuckt, kann een dovunner ausgoen, dass a nächster Zäit kee Réckschlag a Richtung Wanter a Siicht ass. Wann daat an de nächste 4 Wochen esou bleift, da kann een all Méiglëgkeeten op en eventuelle Wanter-Comeback vergiessen.