Ausbléck: Schnéi ass nët vum Dësch

Wéi de Méinden ugekënnëgt, ass ët bis elo éichter ongemittlëch bei eis viru gaangen. Och an de nächsten Deeg bleift daat sou. Den Ënnerscheed ass awer: D’Modeller tendéieren ëmmer méi zu enger wanterlëcher Variant vir déi nächst Zäit.

De Schnéi ass nët vum Dësch

De Méinden hunn ech eng Schnéicouche beschriwwen, déi awer nët bestännëg wärt sinn. Aktuell Modeller hunn awer an de leschte Stonne séier ëmgeschlo a sinn elo der Meenung, dass ët awer méi wäit a Richtung Wanter geet wéi ufanks ugeholl.

Bis Ufanks der neier Woch kënne sëch d’Temperaturen am Daag nach knapp iwwert dem Gefréierpunkt haalen, an de Nuechte gi se schon däitlech drënner zréck. Vun de nächste Nuechten un muss also scho mol rëm mat glaate Stroosse gerechent ginn. Wa mir de Wochestart hannert eis hunn, ginn d’Temperaturen weiderhin zréck.

De Moment gi vir Mëtt der nächster Woch Daageshéchsttemperaturen vun ëm déi -2 Grad simuléiert, daat esouguer mat nët all ze groussen Onsëcherheeten. Wann een d’Moyenne hëllt, ginn d’Werter tatsächlech zréck, soudass am ganze Land d’Wahrscheinlechkeet vu Schnéi klëmmt. Wann een also déi zukünftëg Temperaturentwécklung am grousse ganze kuckt, kann een dovunner ausgoen, dass ab Enn dëser Woch plaatzeweis schon déi éicht Schnéicouche zesummekomme kann. Wann et da kaal genuch bleift, kann déi sëch bis an déi nei Woch eran haalen.

An duerno?

Zumindest de momentane Modellrechnunge no soll ët an der zweeter Februarhalschend rëm méi waarem ginn. Ët ass awer nach vill ze fréi, vir sëcher dovunner ausgoen ze kënnen.

Op dëser Grafik gesidd Dir de weidere Verlaaf vun den Temperaturen a vum Nidderschlag vir déi nächst Zäit a Form vun engem Ensemble. Wann d’Linne méi no beienee sinn, ass daat een Zeechen dovir, dass d’Wiederlaag als sëcher anzestufen ass.

Grafik: meteociel.fr