Bis zu 35 Grad um Mëttwoch

De Mëttwoch (19.07) wärt de Summer nachengkéier esou richtëg opdréinen. Während dëser nëmmen kuerz unhaalender Phase muss mat enger héiger Hëtztbelaaschtung gerechent ginn.

Héichsummerlëch waarem

Scho fréi wärten d’Temperaturen a Richtung 30 Grad klammen, daat wärt schon rondrëm d’Mëttesstonn esouwäit sinn. Sollten keng lokal Schaueren oder eventuell Donnerwiederen dozwëschent kommen, sinn bis an de spéiden Nomëtten haaptsächlech laanscht d’Musel Daageshéchsttemperaturen vu bis zu 35 Grad ze erwaarden.

Virsiichtsmoossnahmen bei héigen Temperaturen (>32 Grad)

Duerch déi héich Temperaturen a kaum Nidderschléi wärten virun allem d’Baueren Problemer kréien. Nët nëmme si, mee ënnert anerem awer och kleng Kanner, eeler Leit a schwanger Fraën. Wann een nët genuch Waasser zou sëch hëllt, ginn folgend Symptomer bemierkbar:

  • Kappwéi
  • Gefill vu Schwächt
  • Kreeslaafproblemer
  • Muskel- a Bauchkrämp
  • erhéicht Kierpertemperatur
  • ongewinnt Onrougefiller

Vir der nëmmen ë puer opzezielen. Waat een bei Problemer mat der Hëtzt maachen sollt, ass zum Beispill eng Killung per kaalen Läppchen op d’Gesiicht oder an d’Genéck. Nët ze vergiessen ass och, dass een genuch Waasser zou sëch huelen sollt an sëch am beschten am Schied ophaale soll.

Weider Tipps:

  • Sëch nët an der praller Sonn ophaalen
  • An der Sonn ëmmer eppes um Kapp hunn
  • Usträngend Aktivitéiten bei extremer Hëtzt vermeiden.
  • Wann Dir Medikamenter huele musst, beschwätzt am beschten mat Ärem Dokter, wéi dir waat a wéi oft anhuelen sollt
  • 1 bis 2 Liter Flëssegkeet méi wéi soss drénken
  • Keng ze kaal Drinks
  • Alkohol, Kaffi a Schwaarztéi a geréngere Quantitéiten zou sëch huelen
  • KENG KANNER ODER DEIEREN AM AUTO SËTZE LOOSSEN!

Weider Links

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.