Bléck op de November

No laanger Zäit deet sëch eppes beim Wieder. Ët gëtt, wéi scho bekannt ass, däitlech méi kaal. D’Wieder passt sëch also lues a lues der Joereszäit un. Mee gëtt ët elo scho wanterlëch? A muss schon mat Schnéi gerechent ginn?

Kaal Loftmassen aus dem Norden

Ufanks November wärt ët ongeféier sou viru goen wéi och am Moment, also Enn Oktober. Am grousse ganzen hunn mir ët iwwert dem Atlantik mat gréisseren Héichdrocksystemer ze dinn an iwwer Mëttel- an Osteuropa mat ë puer méi klengen Déifdrockgebitter. Dës Déifdrockgebitter hunn och ëmmer ë bësse Reen mat dobäi.

Wéi kommen dann elo schlussendlech déi kill Loftmassen op Lëtzebuerg? Duerch d’antizyklonal Rotatioun vun den Héichdrockgebitter (Dréiung mat der Auerzäit) an d’zyklonal Dréibeweegung vun den Déifdrockgebitter iwwer Europa selwer kënnen aus nördleche Richtungen ëmmer rëm Päck mat kaale Loftmassen ugekoppelt an an eis Richtungen eroofgelenkt ginn. Daat ass ongeféier sou, wéi wann een séng Fangeren zwëschen zwee Zännrieder, déi aneneegräifen, stieche géif.


Grafik: wxcharts.eu Edit: Météo Boulaide

Am Daag wärten eis Temperaturen ufanks November op alle Fall nach däitlech am positive Beräich leien, och wa kaum nach 15 Grad ereecht ginn. Se wärten sëch den aktuelle Berechnunge no zwëschen 4 an 12 Grad ophaalen. Interessant gëtt ët an de Nuechten, virun allem wann dës kloer ausfaalen. Soumadden kann ët liicht bis op de Gefréierpunkt oder nach weider ofkillen, soudass an de fréie Moiesstonnen glaat Stroossen en Thema kënne ginn. Ët sollt een also esou lues u Wanterpneuen denken. De Risk vu Schnéi ass zwar do, mee awer nachëmmer ze niddrëg, vir relevant ze sinn. Ët ass also éichter nët mat engem Wanterabroch mat Schnéi bis an d’Flaachland ze rechnen.