Bléck op de Weekend an driwwer eraus

Esou ganz schéin ass d’Wieder de Moment jo nët. Mee mat Chance kann ët jo de Weekend besser ginn, oder net?

Mir wärten eis leider nach eng Zäitchen mat dësem onbestännëgen an oft och ongemittlëche Wieder befaasse mussen. Um Donnëschde si mat Chance ë puer eenzel sonnëg Momenter nët onméiglëg, trotzdem wärten d’Wollécke gréisstendeels dominéieren. Lokal kann do och rëm Reen an d’Spill kommen.

Um Freiden ass ët dann aktuelle Modeller no déi meecht Zäit gro, woubäi ët dann och naass gëtt. Ë bësse manner naass gëtt ët dann um Samsden, woubäi awer nach Reen méiglëg ass. Bei eenzelne sonnëge Momenter besteht och de Risk vu Blëtz an Donner. De Sonndën gesäit ët dann sou aus, wéi wa mir rëm e gréisstendeels groen Daag mat weiderem Reen ze erwaarden hätten.

Mee waat leeft duerno? D’Entwécklunge vir déi nei Woch gestalte sëch weiderhin interessant. Aktuelle Modellrechnunge no kënnt ët am Laaf vum Ufank vun der neier Woch lues a lues zu méi mëllen Temperaturen. Werter bis 15 Grad si méiglëg. Bis den Donnëschden sollt dëst unhaalen, ier ët duerno rëm biergof goe kéint.

De weideren Temperaturverlaaf, duergestallt an dësem Ensemble, weist sëch vu sénger interessanter Säit. D’Temperaturen starten ufanks der neier Woch en éichte Versuch, ier kuerz drop e klenge Réckfall ze erwaarden ass. Duerno kéint sëch dann awer eppes méi grousses draus entwécklen. Grafik: meteociel.fr

Ët gëtt awer nach Hoffnung: Vir Mëtt Abrëll kéint sëch eng Wiederlaag astelle, bei där Temperaturen vun ëm déi 20 Grad méiglëg wiere. Confirméiert sëch dësen Trend, da wärt och d’Aktivitéit vum Reen ofhuelen.