“Bluttreen” kënnëgt sëch un – mee waat ass daat?

Wéi nët seelen zu dëser Joereszäit kënnt ët zu den éichte méi grousse Konzentratiounen u Saharastëbs an der Loft iwwer Lëtzebuerg. Wann dann och nach Nidderschléi eroofkommen, kënnt ët zu engem weidere Phänomen, deen awer méi dramatësch kléngt wéi en eigentlëch ass.

Bluttreen duerch Saharastëbs

Och wann d’Konzentratioun iwwer Lëtzebuerg schon ë bëssen zréckgaangen ass, geréit duerch déi aktuell Stréimung ëmmer rëm ë bësse Saharastëbs a Richtung Mëtteleuropa. Erkennen deet een daat zum Beispill un den Daachzillen, Autosdiecher oder och anere Géigestänn, déi dobausse stinn. E geréngen Undeel vum Saharastëbs setzt sech nämlech um Buedem fest a gëtt réicht beim nächste Reen ewechgespullt.

Wéi kënnt ët dann schlussendlëch zum “Bluttreen”? Wa sëch Schaueren entwécklen, gerooden och d’Stëbspartiklen- oder Kären an de Mechanismus. Sou kënnt de Stëbs dann mam Reen eroofgefall a verfierwt sëch ë bëssen orangelzech/roudelzech. Am beschte gesäit een ët, wann d’Drëpps op de Buedem trëfft. De Numm ass also méi spektakulär wéi daat, waat ët a Wierklechkeet ass.

Wéini kënnt de nächste Reen?

Aktuelle Modellrechnunge no besteht vum Samsdenomëtten un eng erhéicht Chance, dass ët vir d’nächst reent. Natierlech kann ët och duerch konvektiv-bedéngt Grënn schon éichter naass ginn, wéi z.B a Form vun engem lokalen Donnerwieder.

Animatioun: wxcharts.eu