Ausbléck: Randdéif bréngt eis en Dënschden eng Ofkillung
Haut hu mir de wäermsten Dag vum bisherege Joer, mee de richtege Summer kënnt op alle Fall nach net. En Dënschde gëtt et manner waarm. Advertisement
Haut hu mir de wäermsten Dag vum bisherege Joer, mee de richtege Summer kënnt op alle Fall nach net. En Dënschde gëtt et manner waarm. Advertisement
Mat der kräfteger südlecher Stréimung, déi eis de Weekend déi méi waarm Loftmasse bréngt, kënnt och erëm Saharastëbs mat. Dëse weist sech awer wuel nach méi intensiv wéi de leschte Weekend – et gëtt also […]
D’Donnerwieder, déi op Lëtzebuerg ënnerwee waren, hate sech knapp virun eiser Grenz opgeléist. Anescht ass et dunn awer an Däitschland gewiescht, wou a verschiddenen Uertschaften a Stied gréissere Schued ugeriicht gouf. Et besteet de Verdacht […]
Fir de Weekend komme jo, wéi schonn laang ugekënnegt, däitlech méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gezunn. Kucke mir eis also un, ob et tatsächlech fir déi labber Kleedung duergeet. Advertisement
Och wann der Loftmass muer um Donneschde net all ze vill Energie zur Verfügung steet, suergt eng ausgepräägt Wandscherung fir de Risk vun deels kräftegen Donnerwieder. An der Groussregioun ass en Tornado net ausgeschloss. Advertisement
Den Donneschde gëtt a Saache Wand den ongemittlechsten Dag vun der Woch. Mat dobäi kënne kräfteg Schaueren an Donnerwieder optrieden, ënnert deene, wann et blöd kënnt, schwéier Stuermstéiss mat dobäi wieren Advertisement
Météo Boulaide mécht keng Abrëllsgecker iwwer imminent Wiederlagen déi ustinn, a sou och net zu den Temperaturen: Jo, d’Modeller rechne fir de kommende Weekend tatsächlech mat engem massive Virstouss u Wiermt. Wou et am wäermste […]
Et ass zwar nach als eng Momentopnam ze gesinn, mee vill Modeller tendéieren an déi Richtung. Och zu Lëtzebuerg géif et summerlech ginn. Dëst ass keen Abrëllsgeck. Advertisement
Och an dëser Wiederwoch verzitt sech de Reen net ganz, mee zumools an der zweeter Hallschent soll et méi där roueger Phase ginn. D’Temperature klammen. Advertisement
Nom Reen ass virum Reen: Iwwer Frankräich forméiert sech e Reegebitt, wat vun der Nuecht un bis muer de Mëtte gréisser Quantitéite soll op Lëtzebuerg bréngen. Advertisement
© ClearSky Solutions s.à.r.l.-S by Météo Boulaide