De meteorologëschen Hierscht ass do

Pünktlech zum meteorologëschen Hierschtufank, deen den 1. September war, sinn d’Temperaturen däitlech zréckgaangen. Den Temperaturstuerz huet sëch virun allem dem 31. August bemierkbar gemaach. Ët goufen just nach 19 Grad ereecht, den Daag virdrun goufen nach 28 Grad gemooss.

Fréihierschtlecht Wieder

D’Temperaturen sinn nach nët grad sou déif, dass een wierklech vun Hierschwieder schwätze kann. Freihierscht ass schon e bessert Wuert. Ensemblerechnungen no bleiwen eis Temperaturen mol eng Zäit bei ëm déi 20 Grad. Just am Südosten vum Land a laanscht Musel kënnen nachengkéier Werter vun ëm déi 23 Grad ereecht ginn. Enn der Woch sollten d’Temperaturen dann awer iwwerall am Land weider eroofgoen, zwëschen 12 an 15 Grad ginn dann nach berechent. “Hierschtwieder” ass dann schon éichter ubruecht.

Während der neier Woch kann ët wuel heiansdo zu Schaueren kommen, e lokalt Donnerwieder kann och nët ganz ausgeschloss ginn. Wann eppes eroofkënnt, sollt daat awer nët all ze vill sinn.

Weideren Ausbléck

Folgend ass rëm e sougenannten Ensemble op deem een ofliesen kann, a wéieng Richtung sëch d’Wieder entwéckelt a wéi sëcher dës ass. D’Sëcherheet erkennt een un de Linnen. Wann dës méi no uneneen sinn, ass déi virausgesooten Laag zimmlech sëcher. Wann se méi wäit auserneen ginn, heecht daat, dass d’Laag als onsëcher anzestufen ass. Onsëcher gëtt ët also dann schon rondrëmt den 6. September.


Grafik: meteociel.fr