Defekt: Wandmiesser ausser Betrieb!

Zanter November 2011 ass eng Vantage Pro 2 Wiederstatioun vun der Firma DAVIS Instruments am Asaatz an huet bis viru kuerzem keng technësch Problemer gehaat, waat scho bemierkenswert ass.

No 6 Joer: Wandmiesser setzt aus

Viru knapp zwee Méint ass mir vir d’éichte Kéier opgëfall, dass zäitweis kaum Wand gemooss gouf, obwuel aner Statioune däitlech méi héich Werter gemooss hunn. Ech hu mir näischt dobäi geduecht, bis ech daat ganzt méi genee ënnert d’Lupp geholl hunn.

Ufanks gouf ët just Problemer beim Moosse vun der Wandgeschwindëgkeet. Wann d’Moossung da mol rëm funktionéiert huet, gouf op eemol rëm abrupt 0 km/h ugewisen. De Wandrichtungssensor huet weiderhin ouni Zwëschefäll funktionéiert.

Zanter dem 27. Januar huet och de Wandrichtungssensor ëmmer méi ausgesaat. Just heiansdo koume nach verstännëg Werter eran, mëttlerweil gëtt déi meecht Zäit einfach 360° Nord registréiert.

No intensiver Recherche sinn ech op den Entschloss komm, dass d’Reed-Kontakter beschiedëgt musse sinn, soudass keng verlässlëch Wandmoossung méi méigleg ass. Ët muss also e neie Wandmiesser kaaf ginn. Bis dësen am Asaatz ass, kann ët awer nach bis an de Februar eran daueren.

An eegener Saach / fräiwëlleg

An dësem präisopwännëge Beräich kënnt ët leider zimmlech oft vir, dass den een oder anere Sensor ausfällt. Vir de Service vir Iech um Laafenden ze haale, gi gäre mol grouss Zommen ausginn. Vir d’Leeschtungen ze verbesseren, ass dëst Joer souguer eng weider Wiederstatioun a Plangung. Wa Dir mir also ë bëssen ënnert d’Ärm gräife wëllt, da kënnt Dir daat gären a Form vun engem Don maachen. Dëst ass fräiwëllëg.

Klickt hei vir en Don ze maachen

Dir hutt kee PayPal? Da schéckt mir rouëg eng Mail un business@meteoboulaide.com vir weider Informatiounen.