Dës Nuecht: Polarliichter iwwert der Nordhallefkurel

Polarliichter sinn an eise Géigenden zimmlech rar bis kaum existent, géif een mengen. Se kommen awer méi oft vir wéi geduecht an daat ass och dës Nuecht de Fall.

Polarliichter a Mëtteleuropa siichtbar

E Sonnestuerm ass op d’Ärd getraff waat dozou féiert, dass d’Polarliichtwahrscheinlechkeet an eise Kreeser däitlech an d’Luucht geet. Am Moment läit de KP-Index bei 7,33, waat bedeit, dass d’Nordliichter ongeféier bis op Bréissel eroof ze gesinn sinn. Dës Grafik verdäitlecht, wéi een den KP-Index aschätzen kann:


Foto: aurora-service.eu

Laut Berechnungen wärt de KP an der Nuecht op de Méinden op 6 eroofgoen, waat awer nët schlëmm ass. Vir Lëtzebuerg geet et wahrscheinlech nët duer, dass een se mam bloussen Aan gesäit, mee ët gëtt eng Alternativ. Se wärten, bei guddem Wieder, fotografësch ofzeliichten sinn (Laangzäitbeliichtung). Spigelreflexkameraën kënnen méi Liicht ophuelen wéi een mënschlecht Aan an dohier ass d’Wahrscheinlechkeet grouss, dass een se awer fotograféieren kann. Vir daat ze maachen stellt een sëch am beschten op eng Plaatz mat wéinëg Liichtverschmotzung a riicht seng Kamera a Richtung Norden.

Wéi gesäit ët mam Wieder aus?

An dëser Nuecht (16.07.2017 op den 17.07.2017) wärt ët op ville Plaatzen opklären, allerdéngs sinn och ë puer héich Niwwelfelder nët auszeschléissen. Spéiderhin kënnen och Wolléckefelder stéieren. Déi géifen d’Siicht dann leider blockéieren. D’Temperaturen ginn op 18 bis 12 Grad eroof.

Polarliichter am März 2015 am Norden vu Lëtzebuerg. Foto: Mona DienhART – Through my eyes : Underwater&Travel