Éichte wanterlëchen Touch?

Bis elo huet sëch den Oktober nach vu sénger mëller bis souguer waarmer Säit gewisen. Lokal konnten an de leschten Deeg souguer nachengkéier 24 Grad gemooss ginn. Domadden ass awer elo Schluss, d’Wiedermodeller deelen eis interessant méigleg Entwécklunge mat.

Ëmmer méi kaal

No der méi kaaler Phase de Weekend wärten sëch d’Temperaturen an der neier Woch rëm minimal op de Wee no uewe maachen. Dobäi wieren dann rëm Werter vun ëm déi 16 Grad méigleg. Dëse kuerzen Ofschnëtt vu méi mëllen Temperaturen sollt den aktuelle Berechnunge no awer nët all ze laang bei eis bleiwen. Vir Enn Oktober ass ze erwaarden, dass d’Temperaturen am grousse ganzen, an der Héicht souwéi och hei um Buedem, däitlech eroofgoe wärten. Ët géifen daagsiwwer kaum nach 10 Grad ereecht ginn an an de Nuechten wieren Minusgraden ze erwaarden, falls sech den Trend confirméiert. Buedemfrascht kéint domadden gläich en Thema ginn.

Den Ensemble weist eis de Wiederverlaaf vir déi nächst Deeg. Gläichzäitëg ass och ze erkennen, waat iwwerhaapt alles sou méigleg ass. Ët si souguer ë puer Varianten dobäi, déi Schnéi nët zu 100% ausschléissen.


Grafik: meteociel.fr

Nidderschléi

Ufanks der Woch ass nach oft mat Reen ze rechnen, ier ët an der Woch selwer rëm méi rouëg gëtt. Vir deen Zäitraum, vun deem un ët rëm méi kaal sollt ginn, gëtt och ëmmer rëm mat Nidderschléi gerechent. Wann eppes eroofkënnt, sollt daat awer nët all ze vill sinn. Opgrond vun den Temperaturen kann een nët verspriechen, dass dëse Nidderschlag ëmmer als Reen faale wärt. Virun allem, wann dës Berechnungen esou antreffen, wéi se de Moment erausginn ginn.