Hierschtstuerm SEBASTIAN beaflosst eist Wieder

De meteorologëschen Hierscht ass zanter dem 1. September amgaangen, kalendarësch gesinn ass awer ëmmer nach Summer. De Mëttwoch (13.09.2017) erwaart eis awer schon den éichten Hierschtstuerm vir d’Saison 17/18.

Gro, naass a lëftëg

Den Hierschtstuerm wärt op alle Fall wäit Deeler vu Mëtteleuropa a soumadden och Lëtzebuerg beaflossen. Ët ass virun allem, nieft dem Wand, vu staarkem Reen a ville Wollécken auszegoen. Sonnëg Momenter erliewen mir éichter seelen.

Vun de Wandspëtzten hier wärt virun allem d’Nordséi uerdentlech eppes ofkréien, dozou gehéieren dann och Deeler vun der belscher an hollännëscher Plage. Un den däitschen Nordséiküsten muss den aktuelle Berechnungen no mat staarkem Reen an Stuermstéiss gerechent ginn. Bis zu 120 km/h gi simuléiert, eenzel Modeller rechnen iwwert dem Mier souguer mat Spëtzten vu bis zu 140 km/h. Dës wärten dann awer just ganz lokal optrieden, wann iwwerhaapt.

De ganze Norden vun Däitschland wärt de Mëttwoch e stiermëschen Daag erliewen. Un de Küsten ass mat Vitesse vun iwwer 100 km/h ze rechnen, iwwer Land mat 70 bis 90 km/h. Och bei eis am Land gëtt ët lëftëg, zäitweis kann ët och vir Stuermstéiss duergoen. Berechnunge no kënnen Wand-/ Stuermstéiss bis 75 km/h optrieden, bei Schaueren kënnen och bis zu 90 km/h nët ganz ausgeschloss ginn.

►Hei geet ët bei déi aktuell Wiederwarnungen.

Vill Reen méigleg

Daat ganzt bréngt och ë bësse Reen mat sëch. Folgend Oplëschtung sinn déi aktuell Berechnungen vun de verschiddene Wiedermodeller. Uginn ass allkéiers d’Reenquantitéit bis de fréie Freidemoien.

GFS: 25 bis 40 l/m²
ICON: 12 bis 20 l/m²
ARPEGE: 30 bis 60 l/m²
HIRLAM: 28 bis 60 l/m²

Am grousse Ganzen kann een vu gréissere Reenquantitéiten bis de Freidemoien 6 Auer ausgoen. Virun allem am Süden ass d’Wahrscheinlechkeet am gréissten, dass ët zimmlech naass gëtt.

Mir leie nëmmen um Rand vum Stuermfeld a kréien ët och just op den héchste Koppen oder op exponéierte Plaatze mat Stuermstéiss ze dinn. Am Beräich vun der schläifender Kaalfront, déi eis schon vum fréie Moien un beaflosst, kënnën ëmmer rëm méi staark Schaueren oder eventuell mol daat engt oder anert Donnerwieder optrieden. Dobäi kann de Wand dann punktuell och op anere Plaatzen méi staark opdréinen.