Ët gëtt knackëg kaal zu Lëtzebuerg

De Wanter huet de Wee zréck op Lëtzebuerg fonnt. Nieft ë bësse Schnéi wärt sëch daat virun allem un eisen Temperature bemierkbar maachen.

Staarke Frascht méigleg

De Weekend ass an de Nuechte mat Temperaturen vun -2 bis 0 Grad ze rechnen, ët kënnt also zu liichtem Frascht. A Verbindung mat ë bësse Schnéi gëtt ët och gäre mol glaat. Am Verlaaf vun der neier Woch sickeren ëmmer méi kill Loftmassen aus Nordosten an, wéi een un dëser Animatioun gesäit.

Grafik: WXCHARTS.com

Mëtt der Woch gëtt den aktuelle Modellrechnunge no de Maximum vun dëser méi killer Phase ereecht. Mat bis zu -12 Grad an der Héicht gëtt ët och um Buedem méi kaal, daat virun allem, wann den Himmel kloer ass. Gleeft een den aktuelle Berechnungen, dann sinn bis zu -8 Grad nët auszeschléissen. D’Wieder usëch gesäit dobäi awer nët esou schlecht aus.

Aussiichten

Stand: 01. Februar 2018 20:30 Auer

Trotz de niddrëgen Temperaturen wärt d’Wieder méi angenehm sinn wéi daat, waat mir aus de leschte Woche gewinnt waren. De Moment gesäit ët no drëchenem, mee richtëg kaalem Wieder aus. Mat Schnéi muss also nët wierklech gerechent ginn.