Ex-OPHELIA wärt Irland/England treffen

Den Hurrikan OPHELIA, deen gëschter den 14. Oktober 2017 nach een Hurrikan vun der drëtter Stuf op der Saffir-Simpson Skala war, wandelt sëch an de kommende Stonnen zu engem aussertropëschen Stuermdéif/Orkan ëm. E verléiert dobäi all seng tropësch Eegeschaften, mee bleift awer kräftëg. Et ass den éichten Kategorie 3, also Major-Hurrikan, deen jemols sou wäit am Nordosten vum Atlantik registréiert gouf

Wand iwwer 200 km/h

D’OPHELIA beweegt sëch am Moment iwwer ze kaal Gewässer, vir dass ët een tropësche Wirbelstuerm bleiwe kann. En wärt sëch zu enger Shapiro-Keyser-Zyklone entwécklen, also engem Stuermdéif, wou sech keng Okklusiounsfront entwéckelt an d’Kaalfront nët un d’Waarmfront rukënnt. Dobäi kann sëch een Sting Jet ausbilden, bei deem de Wand nach vill méi staark ausfaale kann. Ë gëtt aus méi héige Loftschichten eroofgemëscht a kann erhiefleche Schued uriichten. Berechnunge no kënnen beim Impact am Südwesten vun Irland Wandspëtzten vun iwwer 200 km/h ereecht ginn, wann de Wand vun uewen eroofgemëscht gëtt nach wesentlech méi.

Folgend Grafik weist d’Wahrscheinlechkeetskaart vum Wand, also do wou ët am wahrscheinlechsten ass, dass Wand optrëtt mat der Stärkt vun engem Tropestuerm.


Grafik: NOAA

Zäitplang

D’OPHELIA wärt rasant u Geschwindëgkeet gewannen a soumadden um fréie Méindemoien ongeféier 350 Kilometer vun der irlännëscher Küst wech sinn. Ët gëtt erwaart, dass en zwëschent dem Méindevirmëtten- a Nomëtten u Land trëfft. Dobäi kann e Wandspëtzten vun ëm 210 km/h ereechen a Wellen vun 10 Meter produzéieren.


Grafik: NOAA

Nodeems en u Land getraff ass, schwächt en sëch séier of. Vir eis stellt de Stuerm awer keng Gefor duer.