Fréijoer: An de nächste Wochen erwächt d’Natur

Wéi viru knapp enger Woch op ménger Facebooksäit ugekënnëgt, wärt sëch a nächster Zäit fréijoerstechnësch eppes doen zu Lëtzebuerg. Virun allem d’Natur kritt d’Chance, séng wanterlëch Fassade lasszeginn.

20 Grad ginn an Ugrëff geholl

Iwwerdeems ët dëse Weekend nach keng markant Temperaturännerunge gëtt, fänkt ët an der neier Woch un lues awer sëcher méi fréijoersméissëg ze ginn. D’Temperature wärten um Méinde bei maximale 15 Grad leien, um Dënschden souwéi och um Mëttwoch sinn dem aktuelle Stand no 16 bis 17 Grad nët auszeschléissen. Daat ganzt spillt sëch dann awer nach bei onbestännëgem Wieder of: Bei dëse méi waarmen Temperature kënnt ët wuel zu sonnëge Momenter, allerdéngs muss zwëschenduerch awer och ëmmer rëm mol mat naassen Ënnerbriechunge gerechent ginn. D’Temperature sinn also stabil, mee de Wiederzoustand usëch wiesselhaft.

De weideren Temperaturverlaaf bis Mëtt Abrëll. Waat d’Linne méi no beieneen sinn, waat ët méi sëcher ass, dass déi simuléiert Temperaturen antreffen. Méi wäit auserneen deit op eng Onsëcherheet hin. Alles an allem klammen d’Temperaturen awer. Grafik: meteociel.fr

De spannenden Deel ass réicht duerno ze erwaarden. Momentane Modellrechnunge no wärten d’Temperaturen vum 6. Abrëll un klammen. Trotz enger nach gréisserer Onsëcherheet ass gewosst, dass d’Temperaturen an der Moyenne klamme wärten. Bis Mëtt Abrëll kënne soumadde fréijoersméissëg Temperature vu 15 bis lokal 20 Grad nët ausgeschloss ginn, falls sëch dësen Trend confirméiert. Daat gutt dobäi: Ët wier mat manner Nidderschléi ze rechnen an d’Sonn kéim och méi oft duerch.

Aktuelle Modellrechnunge no wier de nächste Weekend mat Temperaturen ze rechnen, déi gutt 11 bis 14 Grad iwwert der 30-Joeres-Moyenne leie géifen. Grafik: pivotalweather.com

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.