Fréijoersufank, mee waat elo?

Déi meechtgestallte Fro de Moment ass “D’Fréijoer ass jo lo do, passt sëch d’Wieder deem dann elo endlëch un?” Op dës a weider Froe ginn ët elo Äntferte.

Gëschter war ët esouwäit. Vun 17:15 Auer un si mir am kalendarësche Fréijoer ukomm. Nodeems mir gëschter Moie nët grad esou frëndlëch an den Daag gestart sinn, ass ët am weidere Verlaaf vum Daag nawell méi frëndlëch ginn wéi ufanks ugëholl. Gëtt ët dann och an de nächsten Deeg frëndlëch? Jo, mee nëmmen zäitweis. Ët ass mol nach virun mat onbestännëgem Wieder ze rechnen.

An dëser Woch wärt d’Sonn, trotz allem, generell méi oft ze gesinn sinn wéi d’lescht Woch. Wéi awer schon ugedeit, kann ët zwëschenduerch ëmmer rëm mol zu Nidderschléi kommen, sief daat a Form vu Niwwel, Schnéireen, Schnéi oder Reen. Bis de Freiden wärten d’Temperaturen am Daag zwëschen 2 a 9 Grad maximal leien. De Frascht wärt viraussiichtlëch nach bis den Donnëschden en Thema bleiwen. An dëser Nuecht ginn d’Temperaturen nach op -8 Grad zréck, an der Nuecht op den Donnëschden sinn ët nëmme nach bis zu -1 Grad minimal.

Den onbestännëge Verlaaf ass um aktuellen Ensemble gutt ze gesinn. Och ass gutt ze erkennen, vu wéini un ët richtëg onsëcher gëtt
Grafik: meteociel.fr

Ët gëtt also scho mol méi mëll an de Nuechten. Sou kann een dann och de kuerzfristëgen Trend beschreiwen. Aktuelle Modellrechnunge no ass vu muer un mat liicht méi héigen Temperaturen am Daag ze rechnen. D’Werter wärte sëch bis an déi nei Woch era steigeren, ier se dann Ufanks der Woch hieren Héchstpunkt ereeche wärten. Sou gesäit ët zumindest den aktuelle GEFS Ensemblelaaf. Während enger kuerzer Zäit wieren Temperaturen vun däitlëch iwwer 10 Grad méigleg, ier ët awer scho rëm biergof goe sollt. Stëchwuert: Réckschlag (Wéi virun enger Woch ugedeit)

Sëcher ass dëst op kee Fall, well d’Averständnis vun den eenzelne Modeller da séier ofhëllt. Gewosst ass awer, dass eis definitiv nach kee stabilt Fréijoerswieder befirsteet. Während ët een Daag richtëg schéin a mëll gëtt, kann ët um Daag drop scho rëm lokal glaat ginn oder schneien.