Hurrikan MARIA zitt iwwer Karibikinselen

Nodeems den Hurrikan IRMA iwwer d’Karibikinselen an duerno iwwer Florida ewechgezunn ass, ass elo scho rëm de nächsten mam Numm MARIA ënnerwee. Dësen trëfft eenzel Géigenden, iwwer déi d’IRMA schon ewechgezunn ass.

Den Hurrikan MARIA huet sëch an der Nuecht op den Dënschden (19.09.2017) zu engem Hurrikan vun der 5ter Stuf op der Saffir-Simpson Skala verstärkt an huet ganz grouss Schied op den Inselen rondrëm Dominica/Martinique ugeriicht. De Stuerm ass de Moment an eng nordwestlech Richtung ënnerwee, waat bedeit, dass och Puerto Rico an Deeler vun der Dominikanëscher Republik um weidere Laafwee leien. De National Weather Service (NWS) huet schon entspriechend Hurrikanwarnungen erausginn.

Um fréie Mëttwochmoien hierer Zäit (20.09.2017) ass d’IRMA als Kategorie 4 u Land getraff. Daat ensprëcht Wandgeschwindëgkeeten vun 209 bis 252 km/h an driwwer an der Moyenne, d’Wandstéiss wärte méi héich leien. Vum Donnëschdemoien un (21.09.2017) geréit virun allem den Osten vun der dominikanëscher Republik ënnert den Afloss vum MARIA, wou och mat erhiefleche Schied gerechent muss ginn. Haiti schéngt den aktuelle Berechnungen no nëmme knapp un deem Schlëmmsten laanschtzeschrammen.

E weideren Timestamp wärt de Samsdemoien sinn (23.09.2017), wou den Osten vun de Bahamas betraff kéint sinn. Den exakte Laafwee ass bisewell nët bekannt. Wann en awer sou weiderzitt wéi lo, sollt den Hurrikan sëch ab dem Sonndën eng Zäit laang iwwert dem oppene Mier weiderbeweegen an och u Stärkt verléieren.

Daat ganzt ass hei nachengkéier grafësch duergestallt. Gewise gëtt de weidere Laafwee, d’Zäitpunkter an d’Stärkt.


Grafik: NOAA.gov