meteoboulaideMétéo Boulaide ass e private Wiederdéngscht, dee vum Philippe Ernzer gefouert a verwalt gëtt. De Wiederdéngscht gëtt ët zanter Dezember 2009 an am Laaf vun der Zäit gouf ëmmer méi Wert op genee Prognose geluecht. Météo Boulaide ass nët nëmmen a Saachen genee Prognosen vir Iech do, mee och waat Onwiederen ugeet. Zanter 2014 ass daat d’Spezialgebitt.

D’Prognose vu Météo Boulaide gi mat Hëllef vun den Wiederdaten vun eegenen Mossstatiounen an och Modellrechnungen vun de verschiddensten Wiedermodeller zesummegestallt. Duerch dës Kombinatioun an Technik ass d’Zesummestelle vu geneeë Prognose méigleg.

Als Consommateur vu Météo Boulaide gëtt ët ganz onwahrscheinlech, vu markantem Wieder iwwerrascht ze ginn. De Wiederdéngscht bidd Iech eng Plattform, wou een ëmmer déi aktuellst Wiederwarnungen ofruffen kann. Speziell duerch d’Convective Outlooks, déi erweidert Onwiederwarnungen, léisst sëch an engem groussen Ëmkrees rondrëm Lëtzebuerg ermëttle, wou markant Wieder méigleg ass. Dës Outlooks gi virun allem an de Summerméint während der Donnerwiedersaison ausgeruff.

Déi Leit, déi gären ëmmer um neisten Stand bleiwe wëlle, kënne Météo Boulaide och op Facebook abonnéieren. Soubaal sëch eppes an der Wiederwelt deet, kritt Dir daat direkt matgedeelt. Am Fall vun Wiederlaagen, déi am Aan behaalen mussen ginn, ginn och Livestreams diffuséiert. Sou gidd Dir nët méi vu schlechtem Wieder iwwerrascht.

Dir wëllt mat Météo Boulaide zesummeschaffe oder Reklamm op dëser Websäit schalten? Dann meld Iech ënner business@meteoboulaide.com. Wann Dir Météo Boulaide finanziell ënnerstëtzen wëllt, kënnt Dir iwwert dëse Link spenden:





 

Philippe Ernzerprofilbild

De Philippe Ernzer ass de Grënner an Admin vu meteoboulaide.com a Météo Boulaide. Hie gouf den 20. Juni 1998 gebuer an ass zu Bauschelt (Boulaide) opgewuess. Nodeems am jonken Alter vu 9 Joer den Interessi vir d’Astronomie ofgëholl huet, ass deen vir d’Meteorologie ëmmer méi geklommen. Am Dezember 2009 huet hien Météo Boulaide gegrënnt.

Virun allem Dokumentatiounen iwwer extrem Wiederévénementer aus den USA hunn hien dozou inspiréiert, säin eegenen Wiederdéngscht an d’Liewe ze ruffen. Dëse sollt sëch nët nëmmen mat Onwiederen befaasse, mee haaptsächlech mat geneeë Prognose vir de ganze Grand-Duché. Zanter 2014, nodeems e staarkt Donnerwieder am Juli 2014 iwwer d’Land ewechgezunn ass, huet den Philippe Ernzer Success mat Météo Boulaide.

D’Liewen ass ze kuerz vir spéiderhin eppes ze maachen, waat engem net gefällt. Ët soll een séngen Dreem nogoen an nët nëmmen existéieren, mee säi Liewen liewen.”

-Philippe Ernzer