Klirrend Keelt ënnerwee op Lëtzebuerg

Dëst ass en Update zum Artikel, dee gëschter zum Thema Arctic Outbreak publizéiert gouf. D’Modeller gi sëch wuel lues a lues ëmmer méi eenz, dass ët demnächst däitlech méi kaal zu Lëtzebuerg gëtt. Ech recommandéieren Iech den éichten Artikel heizou duerchzeliesen, well deen d’Basics vum ganze Phänomen erklärt. Dir kënnt en hei opruffen.

Zoustëmmung ënnert de Modeller hëllt zou

Den amerikanësche Wiedermodell GFS (Global Forecast System) war an de leschten Deeg am pessimistëschsten agestallt, waat déi aktuell Berechnunge vum Arctic Outbreak ugeet. En ass vu méi mëllen Temperaturen ausgaangen an huet daat ganzt och ë puer Stonne méi fréi simuléiert wéi aner vergläichbar Modeller. Dobäi gouf ufanks och nëmme mat engem Sträifschoss vun de polare Loftmasse gerechent.

D’Berechnung vum GFS. Stand: Méinden, 19. Februar 2018 21:45 MEZ. Grafik: wxcharts.eu

Den europäëschen ECMWF huet scho laang d’Léisung vun engem Kaalloftabroch dran an huet dës och am intensivsten gesinn. Am leschte Modelllaaf ass d’Temperatur a gutt 850 hpa héicht (annerhalwe Kilometer) ë bëssen zréckgaangen, an ass de Moment mat -17 Grad ë bësse méi mëll dobäi wéi de GFS. Dëse klengen Ënnerscheed sollt awer keng gréisser Roll spillen. De GFS an den ECMWF kommen de Moment also op ganz ähnlëch Resultater eraus.

D’Berechnung vum ECMWF. Stand: Méinden, 19. Februar 2018 21:45 MEZ. Grafik: wxcharts.eu

Den Ensemble vum GEFS (Global Ensemble Forecast System) weist däitlech, dass déi eenzel Memberen (Linnen) d’Laag als ëmmer méi sëcher ugesinn. Sou sollen eis Temperaturen de Sonndën souwéi och um Méinden nët iwwer -5 Grad am Daag klammen. An de Nuechten wiere Minimalwerter vu -15 Grad méigleg, ënner Ëmstänn souguer manner.

Den aktuellen Ensemble mat däitlëch méi kaale Léisunge wéi gëschter nach. Stand: Méinden, 19. Februar 2018 21:45 MEZ. Grafik: meteociel.fr

Drëchekaalt Wanterwieder

Daat extrem kaalt Wieder hätt awer och séng méi schéi Säiten: Ët ass während der Period vum Arctic Outbreak kaum mat Nidderschléi ze rechnen, soudass ët déi meecht Zäit kloer wier. Drëchekaalt a frëndlecht Wanterwieder wier also ze erwaarden. Virun allem wann een sëch dozou entscheed, spadséieren ze goen, kënnt awer nach de Wand dobäi, deen daat ganzt nach vill méi kaal maache kann. Duerch de sougënannte Windchill-Effekt ka sëch déi tatsächlëch Temperatur direkt nach gutt 10 Grad méi kaal ufillen. Dohier sollt een sëch sou waarem undoe wéi ët geet, well ët soss vir déi eng oder aner Persoun kéint kritësch ginn.

Zum Schluss sief da nach gesoot, dass dës Wiederlaag nach nët zu 100% sëcher ass. Leschten Erkenntnisser no klëmmt d’Wahrscheinlëchkeet awer ëmmer méi, dass ët zu äisëg kaalen Temperature zu Lëtzebuerg kënnt. Ët gëtt sëcher méi kaal, mee wéi kaal genee gi mir am Laaf vun de nächsten Deeg gewuer. Météo Boulaide hält Iech stännëg um Laafenden!