Leoniden 2017 – Et reent rëm Stäreschnäizen

An de nächsten Deeg reent ët rëm Stäreschnäizen zu Lëtzebuerg. Mir hunn elo nämlech d’Zäit vun de Leoniden.

Bis zu 20 Stäreschnäizen d’Stonn

D’Leoniden sinn e Meteorstroum, deen vum 12. bis den 29. November aktiv ass. An där Zäit kann ët méi oft wéi soss an de Nuechten zu Stäreschnäize kommen. Déi bescht Zäit vir se ze beobachten ass vu Mëtternuecht un bis an déi fréi Moiesstonnen.

An der Nuecht vum Freiden op de Samsden (17.11/18.11) gëtt de Maximum ereecht. D’Ärd flitt duerch de Schweif vum Koméit 55P/Tempel Tuttle, soudass déi kleng Partiklen an der Ärdatmosphär vergléien. Bis zu 20 Stäreschnäize kënne pro Stonn eroofkommen.

D’Wieder

De Wiederberechnunge no wärt ët am Laaf vun der Nuecht, genee dann wann een se am beschte gesi kann, opklären. Bleift just ze hoffen, dass iwwerdeems nët ze vill Niwwel entsteet. D’Temperaturen ginn op 0 bis -3 Grad zréck.

Virun ë puer Joere konnt een während der Leoniden-Zäit nach vill méi Stäreschnäize gesinn. Well de Schweif vun de Partiklen vum Koméit awer mëttlerweil zimmlech wäit auserneegestreet ass, sinn am Laaf vun der Zäit manner Siichtungen op der Ärd registréiert ginn.