Lëtzebuerg bibbert virun

Virun allem d’Temperaturen an de Nuechte schwanke de Moment zwësche liichtem a staarkem Loftfrascht. Nodeems d’Modeller rëm ë bësse méi mëll Léisunge am Petto haate, ass awer elo rëm mat méi fraschtëge Nuechten ze rechnen.

Méi mëll am Daag, kill bis fraschtëg an de Nuechten

De Wanter huet Lëtzebuerg, zumindest waat d’Temperaturen ugeet, fest am Grëff. Sou konnt an der Nuecht op de Mëttwoch scho vir d’drëtt dëse Wanter e Minimalwert vu -13 Grad zu Schëmpëch ereecht ginn.

An de nächsten Deeg wärten eis Daageshéchsttemperaturen allkéiers zwëschen 4 a 6 Grad maximal leien, dobäi erwaart eis e Mix zwësche Wollécken, Niwwel a sonnëge Momenter. Nidderschléi sinn och dran, mee daat nëmmen zäitweis a wann eppes eroofkënnt, ass daat nët vill.

Aus aktueller Siicht gesinn kënne virun allem d’Nuechten op de Sonndën an op de Méinden zimmlech fraschtëg ausfaalen. Erwaart gi bis zu -8 Grad, demno wéi si rëm -10 Grad nët auszeschléissen. Am Daag klammen dës Werter awer séier rëm an de Plusberäich a wärte 6 Grad ereechen.

Wéi geet ët virun?

D’Modeller si sëch alles aneschters wéi sëcher, waat d’Wieder vir déi nächst Zäit ugeet. Ët sinn 3 Szenarie méigleg, déi ab dem 19. Februar antreffe kënnen:

  1. Ët gëtt ë bësse méi mëll, soudass eis Temperaturen am Daag bis zu 5 Grad oder méi ereeche kënnen an an de Nuechte nët méi ënner -4 Grad faalen.
  2. D’Temperature bleiwen um selwechte Niveau wéi elo a kënnen an de Nuechten op ëm déi -5 Grad zréckgoen, während am Daag bis zu 3 Grad oder liicht driwwer ereecht ginn.
  3. Ufanks bleiwen d’Temperature nach um selwechte Niveau wéi elo, ier am weidere Verlaaf vum Mount/Ufanks März polar Loftmassen eragefloss kommen, wouduerch ët rëm knackëg kaal gëtt. Dobäi géife keng Plusgrade méi ereecht ginn.

Mat Hëllef vun Ensemblerechnunge kann een erausfannen, wéieng Wiederlage sëch a noer Zukunft astelle kënnen an och, ob dës als sëcher agestuft kënne ginn oder nët. Um aktuellen Ensemble ass virun allem ab dem 20. Februar e grousse Spread ze erkennen, deen dorobber schléisse léisst, dass d’Laag alles aneschters wéi sëcher ass. D’Moyenne (rout Linn) léisst en ongeféieren Trend ausmaachen, deen an dësem Fall éichter a Richtung kaal tendéiert wéi dass ët méi mëll gëtt.
Grafik: meteociel.fr

Wann een de momentane Modellrechnunge gleeft, ass déi éicht Variant déi, déi am onwahrscheinlëchsten antreffe wärt. Sou och den europäëschen ECMF, deen vir Enn Februar en Zoustroum u polare Loftmassen aus Nordoste komme gesäit.

Dëse Modell, den ECMF, berechent vir Enn Februar en Zoustroum vu polare Loftmassen. Den amerikanësche GFS dogéint gesäit och e neie Kaalloftabroch, mee nët esou kill an och nët aus Nordosten.
Animatioun: WXCHARTS.EU