MARIA gläich op eise Wiederkaarten ze gesinn

Virun ë puer Deeg gouf vun der Méiglegkeet geschwaat, dass den Hurrikan MARIA vum Jetstream an eis Géigenden geschéckt gëtt, also zumindest a Richtung Europa/GB. Dëst ass och nach ëmmer esou, och wann sech eppes klenges un den aktuelle Prognosen geännert huet.

MARIA schwächt sëch of

D’MARIA ass de Moment nach en Hurrikan. Ët gëtt awer virausgesoot, dass sëch de Stuerm bis de Mëttwoch lues a lues rëm zu engem Tropestuerm ofschwäche wärt. Vun dësem Moment un drift en och zimmlech séier a Richtung Nordosten, well en an den Jetstream geréit. Um weidere Wee gëtt d’Waasseruewerflächentemperatur och méi niddrëg, soudass de Stuerm sëch nët méi zu engem Hurrikan verstärke kann. Ët gëtt erwaart, dass d’MARIA nach bis rondrëmt de Samsden en tropësche Stuerm bleift.


Grafik: NOAA

Op der folgender Grafik gesidd Dir, wéi de Laafwee vum MARIA den ënnerschiddleche Modellrechnungen no ausgesinn soll. De wahrscheinlechste Wee ass mat enger méi décker, bloer Linn ofgebild. Och de schwaachen a klengen Hurrikan LEE iwwert dem oppenen Atlantik wärt sëch no a no an déi selwecht Richtung beginn wéi d’MARIA.


Grafik: WXCHARTS.eu

Vir den Iwwerbléck ze behaalen ass hei eng Kaart, déi déi maximal Wandspëtzten bis de Méinden, 2. Oktober 2017 weisen. Et gëtt, genau wéi virun ë puer Deeg, domadde gerechent, dass d’MARIA an de LEE sëch kräize wärten an zesummen zu engem außertropëschen Déif ginn, also zu engem Stuermdéif wéi se an eise Géigenden normal sinn. Spéitstens zu dësem Zäitpunkt läit de Stuerm westlech vun England a wärt vir eis, waat de Wand ugeet, nët all ze vill matbréngen. Néierens, weder an England nach bei eis, muss mat engem Hurrikan gerechent ginn. Dëst wier opgrond vum Klima bei eis guer nët méigleg, ausser d’Waasser hätt eng Temperatur vun iwwer 26,5 Grad.


Grafik: WXCHARTS.eu