Mexiko: Stärkst Biewen zanter 100 Joer

Gëschter, kuerz viru Mëtternuecht, koum ët zu enger weiderer Naturgewalt. A Mexiko koum ët zum stärkste Biewen zanter 100 Joer.

Biewen vun 8,2 op der Richterskala

An der Nuecht op de Freiden gouf Mexiko vun engem staarke Biewen virun der Pazifikküst iwwerrascht. Nodeems mindestens 32 Menschen ëmkomm sinn, koum ët zu 185 weidere Nobiewen. D’Epizentrum vum éichte Biewen loung am südlechen Deel vum Land, méi genee gesoot, am Mier virun der Küst vum südleche Bundesstaat Chiapas an 33 Kilometer Déift. Kuerz drop gouf vir d’Pazifikküst eng Tsunamiwarnung erausginn. Dësen ass souwäit ausbliwwen, an awer goufen 70 Zentimeter héich Welle registréiert.

Besonnëg schlëmm war d’Biewen zu Juchitan, do si 17 Persoune gestuerwen. Och zu Mexiko-City huet de Buedem gewackelt, mindestens 32 Mensche koumen ëmt Liewen. Dem Präsident Enrique Pena no war ët daat stärkste Biewen zanter 1932. Ët war esouguer sou staark, dass ët souguer zu Berlin gemooss konnt ginn.