Moundfinsternis an der Nuecht op den Dënschden

Dëse Mount gëtt ët interessant um Lëtzebuerger Himmel. Nieft de Perseiden, also dem Stäreschnäizenstroum, deen de nächste Weekend aktiv wärt sinn, erwaart eis dës Nuecht eng partiell Mounddäischtert. Dës wärt och déi lescht vum Joer 2017 sinn.

Nëmmen de Schluss siichtbar

Zimmlech fréi um Owend, sou géint 17:48h, wärt de Mound schon an den Hallefschied gerooden. Déi partiell Phase, also déi Phase, an där een de Schied um Mound gesäit, fänkt um 19:22h un. Well ët dann awer nach ze hell ass an de Mound an eise Breeten souwisou nach net opgaangen ass, ass dëst nët ze gesinn.

Oflaaf vun der Däischtert. Grafik: Arnold Barmettler

Mir gesinn just de Schluss vun der partieller Phase. De Maximum gëtt nämlech um 20:20 ereecht, de Mound geet bei eis awer réicht géint 20:36h op. Um 21:18 geet d’partiell Phase op en Enn a soumadden och d’Siichtbarkeet a Mëtteleuropa.

Spillt d’Wieder mat?

Am Laaf vum Owend zéien no an no aus westlechen Richtungen Wollécken an eist Land eran. Während der Mounddäischtert sollt ët awer nach net all ze bedeckt sinn vir de Schluss vun der Däischtert ze gesinn. Am Laaf vun der Nuecht zitt ët richtëg zou, spéider ass och mat Reen ze rechnen.

Weidert astronomëscht Evenement

A Mëtteleuropa kritt een nët déi komplett Mounddäischtert ze gesinn. Ë klengen Trouscht gëtt ët awer: De nächste Weekend, also vum 11ten bis den 13ten August 2017, schéissen d’Perseiden rëm iwwert den Himmel.