Nei Keeltwell: Lokal bis zu -12 Grad

Wéi scho vum Samsden un ugekënnëgt, erwaart eis de Weekend den Zoufloss vun äiskaale Loftmassen, scho rëm! Mir si mëttlerweil Mëtt März, soudass daat schon ë bëssen aussergewéinlëch vir d’Joerszäit ass. D’Temperature wärten 10 bis 12 Grad ënnert der 30-Joeres-Moyenne leien. Nieft de souwisou scho niddrëgen Lofttemperaturen kënnt och nach staarke Wand an d’Wahrscheinlëchkeet vu Schnéi dobäi. Mee elo mol der Rei no.

Bis Enn der Woch bleift ët mat Temperaturen vu bis zu 11 Grad richtëg mëll zu Lëtzebuerg, och wann ët dobäi meechtens gro a naass ass. De Wand hält sëch nach a Grenzen an ereecht Spëtzte vun 30 km/h aus Südosten. Ab der Nuecht op de Samsden fléissen äiskaal Loftmassen a Richtung Lëtzebuerg, waat och schon direkt en Afloss op d’Temperaturen am Daag wärt hunn. Sou ginn aktuelle Modellrechnunge no nämlëch nëmme nach -5 bis 2 Grad maximal am Daag ereecht.

Mir sinn eis eenëg, dass -5 bis 2 Grad näischt extremes oder warnrelevantes ass. Do gëtt ët awer een “mee”: Eis erwaart e frësche bis staarke Wand aus Südosten, dee Spëtzte vu bis zu 60 km/h ereeche kann. Sou fillt ët sëch séier vill méi kaal dobaussen un, wéi ët eigentlëch ass. Aus deene -5 Grad kënnen also séier -12 Grad ginn oder souguer ë bësse manner. Ët si Nidderschléi ze erwaarden, déi bei dësen Temperaturen als Schnéi eroofkomme kënnen. Sou sinn, zumindest verschiddene Modeller no, lokal ë puer Zentimeter méigleg. Eenzelheeten dozou mussen sëch awer nach klären.

Schnéihéicht bis de Samsdemëtten, berechent vum ARPEGE. Aus aktueller Siicht gesinn léisst ët sëch awer schwéier aschätzen, zu wévill Schnéi ët kënnt, wann ët iwwerhaapt dozou kënnt. Grafik: meteociel.fr

An der Nuecht op de Sonndën kënnen d’Temperaturen am Norden op bis zu -8 Grad zréckgoen. Am Daag ginn -2 bis 2 Grad maximal ereecht, woubäi bis an de Mëtten eran nach ë puer Schnéischauere méigleg sinn. Momentane Kenntnisser no gëtt de Minimum vun der Keelt an der Nuecht op de Méinden ereecht: D’Temperature ginn an der Stad op -5 Grad zréck, iwwerdeems am Norden Lofttemperaturen vu -12 Grad méigleg sinn. An eenzelnen Däller kann ë bësse manner och nët ausgeschloss ginn. Dobäi bléist virun e staarke Wand, deen daat ganzt nach vill méi kaal mëcht.

Vun der neier Woch un wärten d’Temperaturen rëm lues a lues klammen, awer mat Krämpes. Ët sollt un dëser Plaatz awer nachengkéier ugemierkt ginn, dass zanter der leschter Keeltphase schon ugedeit gouf, dass e weidere Réckschlag méigleg wier. Ët ass also eppes, waat een schon iwwert eng gutt Zäit komme gesinn huet. Vir de Weekend ass alles als relativ sëcher anzestufen, just beim Schnéi hapert ët nach ë bëssen.