Nei Keeltwell um Weekend

Um Schluss vun der äisëger Phase vu virun ë puer Wochen souwéi och de leschte Samsden (virgëschter) hunn ech ugekënnëgt, dass mir wahrscheinlëch nach den een oder anere Réckschlag ze erwaarden hunn, waat eis Temperaturen ugeet.

Nodeems um Samsden den amerikanësche Wiedermodell nach éichter skeptësch zu engem Keelt-Comeback agestallt war, schéngt en sëch elo ëmdécidéiert ze hunn. Haalen dës Berechnungen vum GFS, ECMWF an allen aneren oft benotzte Wiedermodeller bis de Mëttwoch un, da kann een scho baal confirméieren, dass eis eng zweet “Keeltwell” befirsteet. Wéi déi genee verleeft kann een zwar nach nët soen, mee se sollt, zumindest den aktuelle Modeller no, nët méi grad sou kaal ausfaalen wéi déi vu virun ë puer Wochen.

D’Wiedermodeller gesinn eng gënschtëg Wiederlaag vir e neien Kaalloftzoufloss aus dem Osten. Op der Grafik agezeechent sinn d’Drockgebitter. Grafik: wxcharts.eu / editéiert vu Météo Boulaide

Momentanen Ensemblerechnungen no bleift ët mol nach bis den Ufank vum Weekend mëll zu Lëtzebuerg. Am Daag kënne weiderhin Werter vun iwwer 10 Grad ereecht ginn, woubäi ët awer oft onbestännëg bleift. Dobäi wier weiderhin mat engem Mix aus Sonn, Wollécken, Schaueren an och lokalem Blëtz an Donner ze rechnen. Ët ass bësse sou, wéi wann den Abrëll scho seng Fanger am Spill hätt. Wann een d’Berechnunge vun de verschiddenste Modeller kuckt a probéiert op e gréngen Zweig ze kommen, dann ass dovunner auszegoen, dass den Ufank vun der neier “Keeltwell” wuel an der Nuecht op de Samsden ze erwaarden ass. Opgrond vun der Zäit bis dohinner kann sëch dëst selbstverständlëch nach änneren, mee vir e klengen Unhaltspunkt sollt ët scho mol duergoen.

Um aktuellen Ensemble ass de neien Zoufloss vu kaale Loftmassen gutt ze erkennen. Nach ginn ët awer Varianten, déi géint soueng Wiederlaag schwätze. Grafik: meteociel.fr / editéiert vu Météo Boulaide

Zanter Enn Februar war déi momentan, mëll Wiederlaag ze gesinn. Iwwerdeems gouf ët awer och schon Unzeechen dovir, dass de weideren Temperaturverlaaf (also deen, deen mir elo hunn) wuel nët stabil ausfaale wärt. Dohier haat ech schon an ë puer Posts ugekënnëgt, dass een sëch nach nët ze fréi iwwer d’Fréijoerswieder freeë sollt, well eben nach déi eng oder aner wanterlëch Wiederlaag méigleg ass. Wanter am März ass awer ganz normal, och Schnéi ass dann alles aneschters wéi aussergewéinlëch. Wéi wäit d’Temperaturen ënnert de laangjährëge Mëttel faale wärten, muss nach ofgewaart ginn. Vir Détailer ass ët op alle Fall de Moment nach ze fréi.