Ongëmittlëche Méinden

De Moment ass ët richtëg ongemittlëch dobaussen. Daat wärt sëch och de Méinden nët änneren.

Zolitte Reen

Nodeems de Sonndën lokal bis zu 15 cm Schnéi gefall sinn, geet ët och de Méinde naass weider. Daat nët a Form vu Schnéi, mee Reen. Vun de fréie Moiesstonnen zitt neie Reen an d’Land eran, deen sëch ufanks vun der Intensitéit hier nach a Grenzen haale wärt. Vum Virmëtten un gëtt ën awer ëmmer méi zolitt, soudass a kuerzer Zäit gréisser Reenquantitéiten zesumme komme kënnen. An Zäit vum Méindemoien bis an den Owend eran kënne lokal 15 bis 20 l/m² Reen eroofkommen. Am Zesummespill mam Schnéi, deen de Sonndënomëtten geschmolz ass, wärt daat vir erhéicht Pegelstänn suergen.

Akkumuléierte Nidderschlag vum Sonndën bis de Méindenowend. Grafik: WXCHARTS.eu

Rëm Stuermdéif

Ier ët méi rouëg gëtt, steet nach e Stuermdéif um Programm. Dëst wärt am Laaf vum Méindemëtten a Nomëtten vu Frankräich hier knapp nördlech u Lëtzbuerg laanschtzéien, soudass mir an d’Wandfeld gerooden. Wéi de Sonndënowend schon ass och dëskéier rëm mat Stuermstéiss bis 75 km/h ze rechnen, op de Koppe kënne lokal bis zu 90 km/h nët ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht op den Dënschden gëtt de Wand séier méi schwaach. Lokal ass rëm mat Schnéischaueren ze rechnen.

Hinweis: Scho nëmmen wann d’Stuermdéif minimal méi wäit nördlech oder südlech eragezunn kënnt, kann daat enorm Auswierkungen op déi tatsächlech Wiederlaag hunn. Zitt ët méi wäit nördlech eran, kréie mir am ganze Land Stuerm. Zitt ët ze wäit südlech laanscht, kréie mir nëmmen e frësche Wand. Wann ët genee sou ranzitt, wéi de Moment berechent, wärt ët haaptsächlech an der Südhalschend vum Land stiermësch ginn.

Oflaaf vum Stuermfeld de Méinden. Grafik: WXCHARTS.eu