Reen, Wand a Flacken – Ongemittlëche Weekend

De Weekend kënnt nawell bësse Beweegung an d’Spill an daat och ganz villsäitëg. Ët ass oft bedeckt, dobäi kann ët zu zäitweis zolittem Reen kommen. Mat Zäiten wärt ët och méi kräftëg blosen. Virun allem op de Koppe kann ët souguer zu den éichte Schnéiflacke kommen.

Ongemittlëch

Schéint Wieder ass a nächster Zäit nët ze erwaarden. De Weekend ass e gréisstendeels onfrëndlechen, sou dann och de Samsden. Ët ass déi meecht Zäit gro a bedeckt, virun allem am Nomëtten kann ët lokal zu méi zolittem Reen kommen. Ët ass mat bis zu 11 Grad nach vergläichsweis mëll. Iwwerdeems bléist e kräftëge Wand aus Südwesten. Dëse ka Spëtzte vu 60 km/h ereechen.

Um Sonndën ännert sëch sou munches. Aus nördleche Richtunge zéie polar Loftmassen an eis Géigenden, wouduerch ët och um Buedem däitlech ofkillt. Daagsiwwer gëtt ët méi kaal wéi an der Nuecht op de Sonndë selwer. Am Norden ass nach mat 1 bis 3 Grad ze rechnen, am Süden ginn 5 Grad ereecht. Vun de fréie Nomëttesstonnen un kéint sëch de Reen am Norden zu Schnéireen ëmwandlen. Op den héchste Koppen, sou ab 400 bis 500 Meter, kéinten och déi éicht richtëg Schnéiflacke faalen. Um Owend killt ët iwwerall bis op de Gefréierpunkt of, naass Stroosse riskéieren ze fréieren.


D’Temperaturen an 1,5 km Héicht. Vum Sonndën u fléisse kaal Loftmassen op Lëtzebuerg. Grafik: WXCHARTS.eu

An der neier Woch gëtt ët ganz lues méi mëll. Den aktuelle Berechnunge no wärt daat nët laang unhaalen – Enn November kéint de Wanter e neie Versuch woen.