Summer 2017: Ët ass nach nët riwwer

Dëse Summer neigt sëch, wann een d’Leit esou héiert, séngem Enn zou an gëtt als éichter schlecht empfonnt. Ët ass awer sou, dass ët dëst Joer richtëg waarem bis extrem waarem Perioden gouf, just ganz am Ufank vum Summer. Elo am August latzt e just ë bëssen. An de nächsten Deeg kéint en sëch dann nachengkéier gutt akréien.

Summerlech Werter

Bis den Dënschden mat sollten d’Temperaturen nët iwwer 25 Grad klammen, ausser laanscht d’Musel wou dëse Wert vereenzelt ereecht kéint ginn. De Mëttwoch fléissen méi waarem Loftmassen op Lëtzebuerg wouduerch ët bei eis nach e Krack méi waarem gëtt. Aus aktueller Siicht gesinn ginn am Norden 25 Grad ereecht an am Süden bis zu 28 Grad. Virun allem laanscht den Osten/Südosten vum Land kënnen och een oder zwee Grad méi um Thermometer stoen. Bis de Weekend ginn d’Werter dann rëm ë bëssen zréck, haaptsächlech am Süden ginn dann nach 26 Grad ereecht. Um Samsden an um Sonndën kéint nachengkéier e Stouss vu méi waarme Loftmassen kommen, bei dem Maximalwerter vun 26 bis lokal 29 Grad nët auszeschléissen wieren.

Aus aktueller Siicht gesinn ass ët schon mol sëcher, dass ët bis de Mëttwoch méi waarem gëtt. Waat duerno geschitt, also waat déi 29 Grad ugeet, kann een, well ët nach sou wäit fort ass, nach nët soen.


Grafik: meteociel.fr

Um Ensemble hei driwwer léisst sëch erkennen, wéi sëcher eng Wiederlaag ass. Waat d’Linnen méi no uneneen sinn, waat d’Laag méi sëcher ass. Wann se méi wäit auserneen sinn, heecht daat, dass d’Entwécklung nët ganz kloer respektiv onsëcher ass.