Waat geschitt mam Ex-Hurrikan MARIA?

Den Tropestuerm MARIA an den Hurrikan LEE befannen sëch de Moment um oppenen Atlantik a ginn geschwenn duerch de staarken Héichtestroum (Jetstream) a Richtung europäësche Kontinent gelenkt.

Stiermësch Zäiten vir GB

England kritt dëse Weekend ë bëssen eppes of. Nodeems schon e Stuermdéif kuerz virum Weekend vir staarke Wand un de Westküste suerge wärt, ass de Sonndëmoien mam neie System, bestoend aus dem MARIA an dem LEE, ze rechnen. Ët kënnen dobäi Wandspëtzten vun 110 km/h optrieden, iwwert dem oppene Mier méi.

Um Dënschden breet sëch d’Wandfeld op d’Nordséiküsten a Norwegen aus. Virun allem Norwegen huet den aktuelle Berechnungen no Stuermstéiss vun 115 km/h ze erwaarden. Un den hollänneschen, belschen an däitsche Küsten ass ët mat Wandspëtzten vun ëm déi 90 km/h och stiermësch.

Bei eis a Lëtzebuerg wärt nët all ze vill geschéien. Ët gëtt zwar méi lëftëg, Wandstéiss bis 60 km/h sinn méigleg, mee wäit wech vun engem signifikante Stuerm. Op dëser Grafik gesidd Dir de Laafwee vun de Stuermdéifer an d’Wandverdeelung “akkumuléiert” bis de Méindemëtten.


Grafik: WXCHARTS.eu