Wanter mëcht e neie Versuch

Nodeems de Wanter den 12. November op verschiddene Plaatze laanschtgekuckt huet, schéngt en elo e neie Versuch ze maachen.

Virdéicht iwwerduerchschnëttlëch mëll

Bis Enn der Woch wärten nach däitlech ze waarem Loftmassen iwwert eise Käpp sinn, vir dass ët zu Schnéi oder wanterlëchen Temperaturen kënnt. An der zweeter Wochenhalschend sinn lokal souguer bis zu 15 Grad méigleg.

De Wiedermodeller no wärt sëch daat ganzt awer rëm zimmlech séier änneren. Ët gëtt domadde gerechent, dass déi waarem Loftmassen ab dem 26. November dorëmmer aus eise Géigende verdrängt ginn an duerch polar Loftmassen ersaat ginn.


Grafik: WXCHARTS.eu

De Moment ginn ët nach grouss Onsëcherheeten. Sollt sëch dësen Trend awer confirméieren, dann wärt de Schnéirisiko demnächst am ganze Land klammen. Virun allem de Norden hätt dann rëm déi beschte Chancen, dass eppes roofkënnt oder souguer leie bleift. Zousätzlech misst een och ouni Schnéi virun allem an de Nuechten an och an de fréie Moiesstonnen am ganze Land mat glaate Stroossen rechnen.

Op dësem Ensemble kann een ofliesen, wéi déi aktuell Modellrechnungen déi kommend Zäit gesinn. Och d’Sëcherheet léisst sëch ofliesen. Waat d’Linnen méi no uneneen sinn, waat daat ganzt méi sëcher ass. Wann se méi wäit auserneen sinn, gëtt d’Onsëcherheet méi grouss.


Grafik: meteociel.fr