Weekend: Keelt a Schnéi kommen zréck

E neie Kaalloftabroch steet dëse Weekend befir. Dobäi kéint et de Modeller no och ë bësse méi schneien wéi ët nach de leschte Weekend de Fall war.

Bis de Weekend bleift ët mol nach gréisstendeels mëll bei eis. Vum Donnëschden un gëtt de Niwwel manner, dobäi ereechen eis Temperaturen awer nach bis zu 7 Grad plus. Vum Nomëtten un ass mat deels staarkem Reen ze rechnen. Um Freiden fléissen dann rëm méi kill Loftmassen eran, soudass de Reen Stéck vir Stéck a Schnéi iwwergoe kann, daat virun allem rëm virdéicht am Norden.

Vum Samsden un bleift ët dann och nach bis an déi nei Woch eran zimmlech kaal, d’Temperaturen wärten daagsiwwer kaum iwwer 0 Grad klammen. An dësen Deeg kënne nawell e puer Zentimeter Schnéi eroofkommen. Konkret Quantitéite kann een nach nët nennen, well d’Behaaptunge vun de Modeller nach wait auserneen ginn, mee demno wéi ët kënnt ass méi dobäi wéi de leschte Weekend.


Polar Loftmasse vun bis zu -10 Grad an 1,5 Kilometer Héicht iwwert eise Käpp. Gutt Konditiounen, dass ët am ganze Land wäiss gëtt. Grafik: WXCHARTS.eu

Während der ganzer Zäit, also vum Donnëschden bis an d’nächst Woch eran, ass mat méi frëschem bis staarkem Wand ze rechnen. Daat wärt daat ganzt nach zousätzlech méi ongemittlëch maachen.

Waat wäiss Chrëschtdeeg ugeet, kann een de Moment nach näischt soen. An de nächste puer Deeg sollt awer schon e ganz klengen Ausbléck dra sinn.