Weekendwieder – Wéinëg Reen a mëll

Sou lues fänkt ët un ze drëchen dobaussen ze ginn, Reen wier op ville Plaatze mol rëm néidëg. De Weekend schéngt awer nëmme wéinëg Reen am Petto ze hunn, wann iwwerhaapt.

Sonn a Wollécken am Wiessel, mëll

Um Samsde wiesslen sëch Sonn a Wollécken of, dobäi sollt ët dann och drëche bleiwen. Réicht am Nomëtten klëmmt e minimale Risk vu Schaueren an Donnerwiederen, wou awer näischt eroofkomme muss. D’Temperature packen ët op Héchstwerter vu 15 bis 19 Grad.

An der Nuecht op de Sonndën ass ët scho méi wahrscheinlech, dass ët zu Reen kënnt. Vill kënnt awer nët eroof. Um Sonndë selwer zéien eng Partie Wollécken iwwert de lëtzebuerger Himmel, woubäi d’Sonn awer zwëschenduerch erauskomme kann. Daat ganzt bei agréablen 15 bis 19 Grad.

Nächst Woch méi waarem

Eng gréisser Temperaturännerung gëtt ët de Weekend also nët. An der neier Woch ass awer mat lues klammenden Temperaturen ze rechnen, Mëtt der Woch si souguer Temperaturen vun ëm déi 23 Grad nët auszeschléissen.