Weekendwieder: Sonn pur mee richtëg kaal

Dir hutt de Weekend eppes vir mee wësst nët, ob d’Wieder matmëcht oder nët? An dësem Artikel gidd Dir gewuer, dass Dir Iech zumindest vir dëse Weekend keng Suerge maache musst.

Sonn präsent, mee ëmmer méi kaal

Och um Weekend wärt ët weiderhi sou sinn, dass keng Nidderschléi a Form vu Reen oder Schnéi op Lëtzebuerg geliwwert ginn. Ët ass drëchekaal, daat bei ganz vill Sonn. D’Temperature wärten um Samsden bei maximale 3 bis 6 Grad leien, um Sonndën ginn -2 bis 1 Grad erwaart. Virun allem an de Nuechten gëtt ët plaatzeweis extrem kaal.

Vir de fréie Samsdemoie sinn Temperaturen vun -4 bis -8 Grad a Siicht. Am Norden, virun allem an eenzelnen Däller, si bis zu -15 Grad dran. Um Sonndëmoien ass mat ähnlëche Werter ze rechnen, dobäi kënnt dann och nach e frësche Wand.

D’Keelt bleift nach ë bëssen zu Lëtzebuerg. Um Méindemoien ass een vun de keelsten Deeg vun dësem “Arctic Outbreak”. Ët ass mat Minimalwerter vun -8 bis -13 Grad ze rechnen. Am Norden wärt ët rëm Plaatze ginn, wou ët nach e gudde Krack méi wäit eroofgeet. An Däller wéi beispillsweis Schëmpëch sinn eventuell bis zu -18 Grad méigleg.

Frësche Wand mëcht et nach méi kaal

De Wand wärt vum Weekend un gutt ze spiere sinn. E bléist aus Nordosten an ereecht zäitweis Spëtzte vu 55 bis 60 km/h. Doduerch wärt sëch d’Keelt nach méi kaal ufille, wéi se eigentlëch ass (Windchill-Effekt). Hei e klengt Beispill:

Lofttemperatur: Wandstéiss: Gefillt Temperatur:
-15°C 30 km/h -26°C
-15°C 40 km/h -27°C
-15°C 50 km/h -28°C

Demno wiere virun allem ufanks der neier Woch gefillten Temperaturen vun ëm déi -28 Grad méigleg.