Cavalcade a co. – Wéi gesäit ët vir de Weekend aus?

Foto: Claude Windeshausen

Mir hunn elo zwou richtëg kaal Nuechten hannert eis. Elo, wou ët rëm bësse méi mëll gëtt, klëmmt och rëm de Risk vu Schnéischaueren.

Neie Schnéi a Siicht

Haut ass ët mol nach, zumindest bis an de Nomëtten, meechtens frëndlech. Scho séier zéien dann awer nei Wollécken an d’Land eran, wouduerch d’Wahrscheinlëchkeet vu Schnéischauere klëmmt. D’Temperature packen ët nët iwwer -1 bis 3 Grad. Modeller no kënne bis an de fréie Samsdemoien 2 bis 4 cm Schnéi zesumme kommen, lokal och bësse méi. Doduerch kann ët haaptsächlech rëm zu glaate Stroosse kommen.

Um Samsden ass e Mix, bestoend aus Sonn, Wollécken a ganz vereenzelte Schnéischaueren, ze erwaarden. D’Temperature bleiwen am selwechte Beräich.

Um Sonndën, also dem Daag vun der 39ter Editioun vun der Dikrëcher Cavalcade, kënnëgt sëch aktuelle Modellrechnunge no weidere Schnéi un. Am Nomëtten klammen d’Temperaturen awer gréisstendeels iwwert de Gefréierpunkt, soudass de Schnéi a Schnéireen iwwergoe kann. Haaptsächlech un der Musel ka Reen nët ausgeschloss ginn. Am spéide Nomëtten resp. um Owend ka rëm alles a Schnéi iwwergoen. Duerch dëse Mix kann ët séier mol glaat ginn. D’Temperaturen ereechen e Maximum vu 5 Grad a ginn an der Nuecht op -3 Grad zréck.

Demnächst gëtt d’Wieder vir d’Dikrëcher Cavalcade an engem spezielle Post präziséiert.

Ausbléck

A noer Zukunft ass vir jiddereen eppes dobäi. Zäitweis kënnt ët zu Schnéireen a Schnéi, mee awer och schéi Momenter sinn ze erwaarden. Och wann d’Sonn meechtens vu Wollécke begleet gëtt, ka se mol méi laang um Stéck op eis erooflaache.