Weider Réckschléi nët auszeschléissen

De Weekend koum ët zum éichten Réckschlag vun dësem Joer. Nodeems ët viru gutt 3 Wochen äiskaal war, ass ët däitlëch méi waarem ginn. Souguer fréijoerméissëgt Wieder konnt sëch kuerz breetmaachen, ier de Wanter dëse Weekend rëm zréckkomm ass. Dësen Szenario ka sëch och nach an de nächste Woche widderhuelen.

An de nächsten Deeg si mir um Wee zur Besserung, och wann ët während dësem Prozess nach meechtens onbestännëg bleift. Mir kënnen eis a nächster Zäit op e Wiessel zwësche schéine sonnëge Momenter, mee och engem groen Himmel astellen, vun deem ëmmer rëm Flacken oder och Reen faale kann. Waat d’Temperaturen ugeet bleift ët mol nach sëcher bis Mëtt der Woch fraschtëg während de Nuechten. Daagsiwwer dogéint ass awer schon eng liicht Erwiermung bemierkbar. De Mëttwoch si beispillsweis rëm bis zu 7 Grad dran.

An de Nuechte gëtt ët viraussiichtlëch ab dem Freide rëm méi mëll. Aktuelle Modellrechnunge no géif dann och vir déi nofolgend Zäit de Risk vu Frascht zréckgoen. Och wann d’Wollécke nët sou richtëg labber losse wëllen, misst ët nët zu all ze ville Nidderschléi kommen.

Temperaturen a knapp annerhalwem Kilometer Héicht. Eis erwaarden a nächster Zäit wuel keng bestännëg Temperaturen. Enn März ass eventuell rëm e Réckschlag a Richtung Wanter méigleg. Animatioun: wxcharts.eu

A well ët sou interessant ass, kucke mir nach séier an de sougënannte “Glaskurrelberäich”. Méi wäit uewe gouf ugedeit, dass a nächster Zäit weider Réckschléi nët kënnen ausgeschloss ginn. Dëst läit virun allem dodrunner, dass mir eis de Moment an der IwwergangszäIt vum Wanter op d’Fréijoer befannen. Den amerikanësche Wiedermodell GFS weist éicht Undeitungen dovir, dass mir Enn März eventuell rëm den Zoufloss vun äisëg kaale Loftmassen ze erwaarden hunn. Dobäi wieren ähnlëch Temperaturen wéi och de Moment méigleg. Dëst ass awer en onconfirméierten Trend a kéint an de nächsten Deeg am Zweifelsfall och rëm wechgerechent ginn.