Wéinëg Temperaturännerung a nächster Zäit

Temperaturen, déi daagsiwwer knapp iwwert dem Gefréierpunkt a nuets déif drënner leien – Sou kann een den Temperaturverlaaf vun de leschten Deeg ongeféier resuméieren. Och vir déi nächst Deeg ass keng all ze grouss Ännerung a Siicht, dobäi kann ët och nach zu ë puer vereenzelte Schnéischauere kommen.

Gréisstendeels rouëgt Wanterwieder

Demnächst erwaart eis nët all ze vill Action beim Wieder. Muer um Mëttwoch beispillsweis behaale mir ufanks nach de Mix aus Sonn a Wollécken, ier ët méi spéit am Daag méi gro gëtt. D’Temperature wärten zwëschen 1 a 5 Grad leien. Um fréie Moien kënnen awer plaatzeweis nach ëm déi -10 Grad gemooss ginn.

Den Donnëschden ass rëm mat ë bësse Nidderschlag ze rechnen. Déi Wollécken, déi am Laaf vum Mëttwoch opzéien, suerge nämlech um Moien vir Schaueren, déi an ënnerschiddlëche Forme eroofkomme kënnen. Duerch Temperaturen, déi ufanks nach zwëschen -1 an 1 Grad leien, kënnt ufanks daat meecht nach als Schnéi oder Schnéireen eroof. Iwwerdeems ët am Virmëtten awer ëmmer méi mëll gëtt, ännert de Nidderschlag seng Form. Dëse geet nämlech lues a lues a Reen iwwer a kann während dësem Iwwergangsprozess och mol kuerzzäitëg als Glëtz eroofkommen.

Aktuelle Modellrechnunge no geet ët duerno awer méi rouëg virun. Och vir de Freide gëtt de Moment e Wiessel zwësche Sonn a Wollécke simuléiert. D’Temperature kënnen dobäi am Daag souguer op bis zu 7 Grad klammen.

De weidere Verlaaf vum Wieder (Stand: 13.02.2018 01:10h) Copyright by Météo Boulaide/Philippe Ernzer