Aktualiséiert: 25. Abrëll 2024 um 15:07 Auer
Advertisement
Nächst dräi Deeg am Détail
Prognos fir de Freiden, 26. Abrëll 2024
Résumé
Et zéie vill Wolleken duerch, dotëscht kënnt et zu Schaueren. Sonneg Momenter sinn awer och zäitweis dobäi.
10° bis 14°C
10 km/h 30 km/h SW
0,2 – 1,5 l/m²
65 %
Résumé
Et zéie Wolleken duerch, lokal ass nach eng Schauer méiglech.
3° bis 6°C
10 km/h 20 km/h SO
0 – 1,5 l/m²
55 %
Den Détail
De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis wollekeg, lokal si schwaach Schauere net ausgeschloss. D’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 2 a 5 Grad erop. Et ännert sech net vill, tëschenduerch weist sech mol d’Sonn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Ganz vereenzelt si Schauere méiglech, mee déi wieren dann meeschtens vu schwaacher Natur. Fir de Rescht si weiderhin och sonneg Ofschnëtter dobäi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, et ass wollekeg. Zumools an der zweeter Nuetshallschent si liicht Schauere méiglech.
Prognos fir de Samsden, 17. Abrëll 2024
Résumé
Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of, dotëscht ass awer mat eenzelne Schaueren ze rechnen. Et besteet e klengen Donnerwiederrisk.
11° bis 17°C
25 km/h 60 km/h SSO
1 – 4 l/m²
70 %
Résumé
Et zéie vill Wolleken duerch, mee et sollt meeschtens dréche bleiwen.
8° bis 10°C
25 km/h 55 km/h SO
0 – 1 l/m²
30 %
Den Détail
De Samsdemoien ass et meeschtens wollekeg, geréngfügeg Nidderschléi si méiglech. D’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 an 11 Grad erop. Et zéie Wolleken duerch, heiansdo ass e bësse naasses méiglech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 11 a 17 Grad erreecht, de Wand bléist stramm aus Süd–Südosten. An de Spëtzte kann e bis ëm 60 km/h dropkréien. Et ass wollekeg, dobäi ass mat e puer Schaueren ze rechnen – en eenzelt Donnerwieder ass och net ausgeschloss. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 10 Grad zréck, et ass bedeckt a ganz lokal kann et nach e bësse naass ginn.
Prognos fir de Sonnden, 28. Abrëll 2024
Résumé
Et zéie vill Wolleken duerch, dotëscht weist sech awer och d’Sonn. Eng Schauer ass net gänzlech ausgeschloss, mee d’Warscheinlechkeet ass méi niddereg wéi e Samsden.
12° bis 16°C
25 km/h 70 km/h SW
0 – 1,5 l/m²
35 %
Résumé
Et ass bedeckt, dozou kleng Schauerwarscheinlechkeet.
5° bis 7°C
10 km/h 25 km/h SSO
0 – 1 l/m²
20 %
Den Détail
De Sonndemoien ass et staark bedeckt, Lëtzebuerg ass mol nach vun eenzelne Nidderschléi ëmginn. Ob et bei eis awer dofir duergeet, ass nach net gewosst. D’Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 10 an 13 Grad erop. Et bleift wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 12 a 16 Grad ze rechnen, de Wand bléist stramm bis stiermesch aus Südwesten. An de Spëtzte si bis zu 75 km/h méiglech. Et zéie vill Wolleken duerch, lokal kann eng liicht Schauer net ausgeschloss ginn – se stinn awer normalerweis net am Fokus. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 a 7 Grad zréck, et bleift wollekeg.
All Ugaben ouni Garantie.