Ze waarem vir d’Joereszäit – Huet de Schnéi nach eng Chance?

D’Fro kënnt ëmmer méi op, ob mir dëst Joer iwwerhaapt nach e “richtëge” Wanter zu Lëtzebuerg kréien. Och wann ët dëse Wanter akkumuléiert gesinn scho méi geschneit huet wéi d’lescht Joer, koum nach keng gréisser a laang unhaalend Schnéicouche zesummen.

Ze waarem vir d’Joereszäit

Grond dovir, dass de Schnéi bisewell nët bei eis bleiwe wollt ass, dass ëmmer zimmlech séier rëm méi waarem Loftmassen agefloss sinn, déi de Schnéi lues awer sëcher schmëlze geloss hunn. De Januar war bisewell zimmlech westwiederdominant, waat een och un den bisewell zwee Wanterstierm ELEANOR a FRIEDERIKE gemierkt huet.

Ze waarem vir bestännëgt wanterlëcht Wieder schéngt ët dann den aktuelle Modellrechnungen och nach bis Enn Januar virunzegoen. D’Temperature leien am Daag zwëschen 4 an souguer 10 Grad. Vum Februar un deite Modeller awer un, dass sëch een Ofwärtstrend vun den Temperaturen ukënnëge kéint. Dëst gëtt als zimmlech onsëcher agestuft, allerdéngs géif daat rëm Schnéi bedeiten, wann sëch déi keelst Varianten duerchsetze géifen.

Weiderhi mëll oder awer wanterlëch?

Dës folgend Grafik weist den Temperaturverlaaf (uewen) an d’Nidderschlagsaussiichten (ënnen) bis de 9. Februar 2018. Vum 31. Januar un ginn d’Linnen bei den Temperaturen zimmlech wäit auserneen, waat op eng gréisser Onsëcherheet hiweist. Mir hunn also zwee Szenarien, déi mat enger 50/50 Chance antreffe kéinten: Entweder gëtt ët wanterlëch mat ënner 0 Grad am Daag oder ët bleift sou ähnlëch mëll wéi mir ët och de Moment dobausse spieren.

Grafik: meteociel.fr

Niewebäi gesoot bieden sëch am Zäitraum bis Ufank Februar ëmmer rëm méi lëftëg Varianten un, soudass deen een oder anere stiermëschen Daag nët ausgeschloss ka ginn.