2019 war dat drëttwäermst Joer zanter Opzeechnungsufank (1947)

D’Wiederjoer 2019 war e ganz interessant. Engersäits ass et duerch markant Hëtztwellen opgefall, anerersäits huet et sech duerch e méi staarken Tornado am August an de Käpp vun de Leit agebrannt.

30-Jores-Moyenne ëm 1,4 Grad iwwerschratt

Wéi d’Meteorologe vum Findel matdeelen, louch d’Temperaturmoyenne vum Joer 2019 mat 9,3 Grad 1,4 Grad iwwert der Moyenne aus de leschten 30 Joer. Et ass domat, op mannst wat d’Moyennen ugeet, dat drëttwäermst Joer zanter Opzeechnungsufank gewiescht. Op éischter Plaz läit 2018 mat enger Moyenne vun 11,1 Grad an op zweeter Plaz 2014 mat 10,8 Grad.

Och wann 2019 “nëmmen” dat drëttwäermst Joer (bezunn op d’Moyenne) war, gouf de 25. Juli 2019 awer déi héchst bis ewell gemoossen Temperatur registréiert. 39,0 Grad konnten un der MeteoLux- Statioun um Findel gemooss ginn.

Et huet net genuch gereent

Um Findel huet et am Joer 2019 779,2 l/m² gereent, an der Moyenne falen an engem Joer awer 896,9 l/m². Eraus kënnt, dass mir et 2019 mat engem Nidderschlagsdefizit vun 117,7 l/m² ze dinn haten.

Weider Donnéeë vu MeteoLux fannt Dir ënnert dësem Link.

Rekordjoer och un der Météo Boulaide- Wiederstatioun

Och un der Wiederstatioun vu Météo Boulaide, déi am Februar 2019 wéinst bessere Miesskonditioune vu Bauschelt op Baschelt ëmgesat gouf, gouf e Rekordjoer registréiert.

Genee wéi um Findel konnt am Juli e neien Allzäit Dages- Temperaturrekord gemooss ginn – wat d’Moyenne ugeet (9,38 Grad zanter 2012) kënnt 2019 awer och “just” op déi drëtt Plaz. Déi héchst Temperatur louch de 25. Juli um 16:05 Auer bei 37,8 Grad. Déi niddregst Temperatur hate mir den 21. Januar mat -8,3 Grad moies um 08:30 Auer. Op d’Joer gekuckt läit d’Moyenne bei 9,92 Grad. 2018 war mat 10,21 Grad dat wäermst Joer bis ewell, direkt hannendru kënnt 2014 mat 9,94 Grad.

Wat de Reen betrëfft war et mat 723,0 l/m² dat zweetnaasst Joer zanter Opzeechnungsufank vun der professioneller Statioun am November 2011. Am meeschte Nidderschlag ass 2012 mat 757,8 l/m² gefall an op drëtter Plaz ass 2014 mat 689,0 l/m². An der Moyenne reent et an der Gemeng Bauschelt 658,98 l/m² (bezunn op d’Donnéeën zanter November 2011, also net respresentativ fir déi lescht 30 Joer). Et huet also 64,02 l/m² méi gereent wéi soss.

Mee Hiweis: Déi professionell Statioun mësst réischt zanter November 2011. D’Donnéeë representéieren also just déi lescht 8 Joer a si net mat deene vu MeteoLux ze vergläichen.

Och nach interessant:

  • Réckbléck op den Tornado vum 09. August 2019
  • Convective Outlook vum Tornado- Dag den 09. August 2019