Net mol een Dag no Silvester wäert sech eis Grousswiederlag veränneren. Mir maachen en Update zu den Aussiichte vu virun e puer Deeg.
Advertisement
Modellrechnungen zanter enger Zäit konsistent
An de leschten Deeg weisen d’Wiedermodeller ëmmer erëm eng turbulent Grousswiederlag, déi sech wärend den éischten Deeg vum Joer 2025 soll astellen – de 26. Dezember hate mir schonn e klenge Bléck drop gewot. Wéi mir et aus vergaangene Beispiller kennen, kënnt et am Endeffekt awer genee dorop un, wéi sech d’Drockgebitter innerhalb vun dëser Grousswiederlag verdeelen. Fir de Moment kann een, ouni vill Text, also schonn mol soen, dass et definitiv zu engem Changement kënnt. Mir kucken eis elo mol un, wéi dësen den eenzelne Modellrechnunge no fir Lëtzebuerg kéint ausgesinn.
All d’Modeller gesinn e Stuermdéif, wat sech tëscht Neijoer an der Nuecht op den drëtte Januar vun de britteschen Inselen aus iwwert d’Nordséi an uschléissend och d’Ostséi séier a Richtung Russland verlagert – do kënne mir also schonn mol en eenheetleche Krop hannendru maachen. Wat den Ënnerscheed mécht, sinn déi berechent Intensitéiten an och d’Lafweeër, déi trotz dem quasi eenheetleche Bild awer liicht vuneneen ofwäichen:
Den amerikaneschen an och den däitsche Modell gesinn allen zwee eng liicht méi südlech Zuchbunn vum Déif wéi déi aner Modeller. Dëst géif dora resultéieren, dass mir heiheem e méi staarkt Stuermfeld ze erwaarden hätten. Stand elo wiere bei dësem Zenario Spëtzte vun tëscht 80 an 100 km/h méiglech. Den europäeschen an den ausgesichte franséische Modell ARPEGE gesinn eng liicht méi nërdlech Zuchbunn, wat zwar och a lëftegem bis stiermeschem Wieder géif resultéieren – mee d’Vitesse géife mat tëscht 60 an 80 km/h e gutt Stéck manner markant ausfalen. Wéi eng Variant et gëtt, muss nach eng Zäit ofgewaart ginn.
Wéi ass et mam Schnéi?
Hannert der Kalfront vum Déif kommen däitlech méi kill Loftmassen an eis Géigende gezunn. Zumools den amerikanesche Modell wëll et net ausschléissen, dass et nach un der Front selwer zu Schnéischauere bis ganz erof kënnt. Aner Meenungen, wéi den däitschen ICON an de franséischen ARPEGE weisen awer, dass mir grad esou gutt e Mangel u Nidderschléi kéinte gesinn, duerch deen et halt net kéint schneien, och wann et kal genuch ass. Dëst hänkt alt erëm domat zesummen, wéi genee sech d’Déif wäert entwéckelen – Détailer, déi een haut nach net wees.
Eng däitlech méi interessant Situatioun dëscht eis den europäesche Modell op, deen fir den Dënschden an e Mëttwoch eng schaarf Loftmassegrenz gesäit: Dobäi stousse kal Loftmassen aus Norden widdert méi mëll Loftmassen aus dem Süden openeen a léisen ëmmer erëm kräfteg Schnéischaueren aus. Wier dat de Fall, da kéime signifikant Schnéiquantitéiten erof – dëst ass allerdéngs eng Moment-Opnam an als zimmlech onwarscheinlech ze bewäerten.
Déi nofolgend Zäit gëtt nach vill méi ongewëss: Den europäesche Modell deit generell op e méi laang unhalende Wanterabroch hin, iwwerdeems den amerikanesche Modell ëmmer erëm méi mëll Loftmassen an eis Géigenden zéie gesäit. E laange Bléck an d’Zukunft mécht aktuell also nach net all ze vill Sënn.
De Fazit
Fir déi éischt Deeg vum neie Joer kann de Wand also op alle Fall en Thema ginn – wéi staark muss awer nach weider ofgewaart ginn. Schnéifall ass bedingt méiglech, mee dat hänkt och erëm vun der exakter Entwécklung vun de Lafweeër of. D’Meteorologie ass eng komplizéiert Wëssenschaft, déi haaptsächlech op Probabilitéite baséiert. Realistesch ass, dass haut nach kee Mënsch genee ka wëssen, wéi et am genannten Zäitraum wäert ginn. Mir mussen eis eruntaaschte, wéi mir et hei gewinnt sinn.