Fuesent: Onbestännegt Wieder vir de weidere Verlaf

Zanter dem 3. Februar ass d’Fuesent zu Lëtzebuerg amgaangen. Bisewell huet d’Wieder gutt matgespillt – mee grad elo wou de Maximum vun der Saison ereecht gëtt, soll et rem méi ongemittlech ginn.

D’Onbestännegkeet kënnt…

De Weekend markéiert Dikrech de Startschoss vun de Kavalkaden hei am Land. D’Wieder schéngt do awer net ganz matspillen ze wëllen. De kräftëgen Héichdrockafloss aus de leschte Wochen huet däitlech u Kraaft verluer, Déifdrockgebitter kënne sech rem mat hiere Fronten iwwer Mëtteleuropa breet maachen.

Op den éichte Bléck gesäit et vir d’Dikrecher Kavalkad net sou gutt aus. Et soll meechtens gro sinn, dobäi soll et dann och ëmmer rem kënne naass ginn. D’Temperature wärten tësche 7 an 13 Grad leien. Mat dobäi kënnt e méi frësche Wand. Vitesse vun ëm 50 km/h sinn ze erwaarden, zäitweis och mol bis 60 km/h.

Déi nächst Kavalkad hu mir den 10. Mäerz zu Schëffleng. Gleeft een den aktuellen Ensemblerechnungen, soll et och un deem Dag éichter onbestänneg ginn. Opgrond vun der zäitlecher Distanz ass eng genee Prognos zwar onméigleg, tendenziell gesinn ass d’Wahrscheinlechkeet vu groem a méiglegerweis naassem Wieder awer héich.

…a bleift

D’Kavalkaden duerno faale scho méi no openeen: De 17. Mäerz ass d’Käler Kavalkade, de 24. Mäerz déi Escher an den 30. Mäerz d’Nuetskavalkade zu Wasserbëlleg. Den Ofschloss maachen dann Réimech a Péiteng den 31. Mäerz. Dës Zäit, also quasi d’verbleiwend Zäit vun der Fuesent 2019, gëtt vun de Modeller weiderhin als Mix aus ville Wollécken, e puer Schaueren an engem lëftëge Wand gesinn. Mat Chance sinn och eenzel sonnëg Momenter dobäi.

Als een, deen de Wanter net gären huet, kann een opotmen: D’Aussiichte gesinn alles aneschters wéi wanterlech aus! An de Nuechte kann et zwar mol Frascht ginn, dagsiwwer verschwënnt dësen awer meechtens rem.

Déi détailléiert Prognose vir déi nächst 3 Deeg fannt Dir am Détail ënnert dësem Link.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)