Ausbléck: Nidderschléi just a Form vu Niwwel oder liichtem Fisemreen

Mir leien ënnert enger Héichdrocklag. Dat heescht, dass et a nächster Zäit net wierklech zu nennenswäerte Nidderschléi komme wäert.

Et gëtt net vill ze soen

Den amerikanesche GFS rechent mat tëscht 0 a 0,5 l/m². Et handelt sech dobäi warscheinlech net ëm Reen, mee ëm d’Ofsetzung vum Niwwel (oder och liichte Fisemreen). Den europäeschen ECMWF rechent mat nach manner. De franséischen ARPEGE simuléiert héchstens mol 1 l/m², dat och primär duerch Niwwel. Den däitschen ICON rechent erëm mat guer näischt an ass den dréchenste vun den ausgesichte Modeller.