Ausbléck: Wéi gëtt d’Wieder de Weekend?

Den Ufank vum Weekend verleeft plazeweis nach méi naass, ier et awer méi dréche gëtt.

fir d’lescht aktualiséiert: 03. Juni 2021 23:50 Auer

D’Grousswiederlag

Héije Loftdrock huet de Gros vu Mëtteleuropa am Grëff… de Gros. Dotëscht läit ee klengt Donnerwiederdéif, wat bis an déi éischt Hallschent vum Samsde nach fir eng Partie Schaueren an och lokal méi kräfteg Donnerwieder suerge kann.


E fiichtwaarme Weekend steet un | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 04. Juni 2021

De Freidemoien ass den Himmel wollekeg bis plazeweis niwwleg, d’Temperature leien tëscht 14 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 19 an 23 Grad erop. Et gëtt spierbar méi waarm a schmeier. Vum Mëtten u klëmmt erëm de Risk vu lokal méi kräftege Schaueren an Donnerwieder, bei deene virun allem de Staarkreen an de Fokus gerode kann. D’Temperature packen et op e Maximum vu schmeieren 23 bis 27 Grad. De Wand bléist ausserhalb vun engem Wieder gréisstendeels schwaach aus Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Am Fall vun enger méi kräfteger Zell si méi spierbar Wandstéiss méiglech. Och am spéidere Nomëtte bleiwen Donnerwieder am Beräich vum méiglechen, den een oder anere Modell berechent esouguer eng Donnerwiederfront. Ob dës wierklech kënnt ass zu dësem Zäitpunkt awer nach ongewëss. Um Owend an an der Nuecht si nach e puer lescht Schauere méiglech, d’Donnerwiederaktivitéit dierft awer ofhuelen. D’Temperature ginn op tëscht 13 a 16 Grad zréck.

Samsden, 05. Juni 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, eenzel schwaach Nidderschléi a Form vu liichtem Reen a Fisemreen si méiglech. D’Temperature leien tëscht 14 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 bis 22 Grad erop. Et bleift gréisstendeels wollekeg, d’Nidderschléi beweege sech awer lues a lues aus dem Land eraus. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 18 an 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleiwe vill Wolleken ze gesinn, mat Chance ass ee sonnege Moment dotëscht dobäi. Et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, et bleift dréchen.

Sonnden, 06. Juni 2021

De Sonndemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 18 Grad erop. Et bleift dréchen. Mëttes an am Nomëtte sinn e puer Wolleken ënnerwee, dotëscht ka sech d’Sonn awer och weise kommen. Reene sollt et net, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 18 an 22 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus nërdleche Richtungen, en ass mat Spëtzte vu 35 km/h dobäi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 11 a 14 Grad zréck, et si kaum nach Wolleken ënnerwee. Den Himmel kläert op.