Modellgeflüster: Gläich scho rem méi waarem?

Viru mol nach net enger Woch war ët iwwerduerchschnëttlëch waarem zu Lëtzebuerg. Mëttlerweil huet sëch d’Situatioun normaliséiert, woubäi déi éicht Modellleef rëm mat éichte Varianten vun enger Erwiermung rechnen.

Waat vir déi nächst Zäit scho mol sëcher ass, ass, dass ët däitlëch méi kaal bleift wéi an der leschter Woch. Mat dobäi kënnt och, dass ët méi naass ass. Sou sinn dës Woch zäitweis ëmmer rëm liicht Schaueren ze erwaarden. Och wann dës éichter vereenzelt optrieden, ass ët wéinstens daat. De Reen ass batter néidëg, well dëse Mount bisewell einfach ze drëchen ausgefall ass. Um Sonndën stinn d’Chancen de Moment gutt, dass daat ganzt Land eng gutt Dusch ofkritt. Och Donnerwiedere wieren dann nët auszeschléissen.

Gläich rëm waarem?


Aktuelle GFS-Laaf mat däitlëcher Erwiermung Ufanks Mee. Grafik: wxcharts.com

Mir befannen eis rem am Glaskurrelberäich, mee déi aktuell GEFS Ensemblerechnunge gesinn interessant aus. De Moment gëtt vun der neier Woch un mat Temperature gerechent, déi Daag vir Daag e Stéck klamme kéinten. Am wahrscheinlëchsten ass ët, dass sëch d’Temperaturen während dëser Period zwësche 15 an 22 Grad apendle werten. Déi méi “extrem” Léisung wier awer, dass ët eventuell rem a Richtung Summer geet. Ech bleiwen op alle Fall vir Iech um Ball!

Grafik: meteociel.fr