Ab 2. Wochenhalschend rem iwwerduerchschnëttlech waarem

De nächste Samsde geet de meteorologësche Wanter un. Wéi et ausgesäit, wellen d’Modeller daat awer net sou richtëg zoulossen a gesinn, wéi scho sou oft dëst Joer, eng weider iwwerduerchschnëttlech waarem Phase op eis duerkommen.

Virdéicht lokal begrenzt Flacke méigleg

Den Ufank vun der Woch geet et nachengkéier kuerz liicht biergoof mat den Temperaturen. Sou hu mir et um Méinde mat 4 bis 7 Grad am Dag ze dinn, um Owend an an der Nuecht op den Dënschde geet et awer bis op de Gefréierpunkt zréck (virun allem am Norden). Dobäi si schwaach Nidderschléi méigleg, déi op deene Plaatze, wou d’Temperaturen am niddrëgste sinn, als Schnéireen oder och Schnéiflacken eroofkomme kënnen. Signifikant Akkumulatioune sinn dobäi allerdéngs net ze erwaarden. Buedemfrascht a glaat Stroosse kënne plaatzeweis awer och nach optrieden.

Vum Méinde bis de Mëttwochowend ass dem amerikanësche GFS no mat ëm 10 bis 15 l/m² Reen ze rechnen. Näischt bedeitendes, mee wéinstens eppes. Den däitschen ICON ass méi pessimistësch an ass mat 3 bis 6 l/m² dobäi.

Och an der Nuecht op de Mëttwoch kann et op de wéinëgste Plaatzen am Land nach zu Buedemfrascht kommen, ier d’Werter an den Deeg drop rem klammen. Daat an de Nuechte souwéi awer och dagsiwwer.

Iwwerduerchschnëttlech waarem zweet Wochenhalschend méigleg

Et gëtt also, no enger kuerzer méi killer Phase, rem méi waarem. Ab dem Mëttwoch sollen duerch e Stuermdéif, waat mam Kär westlech vun de britëschen Insele platzéiert ass, méi mëll Loftmassen op Mëtteleuropa geschëppt ginn. Um Dag selwer si bei eis 5 bis 8 Grad dran, vum Donnëschden un bis iwwert de Weekend wiere laut den aktuelle Berechnunge Maximalwerter vun iwwer 10 Grad net auszeschléissen. Daat ganzt géif enger positiver Anomalie vu bis zu 8 Grad entspriechen.

Iwwerdems et esou waarem ass, ass mat méi Nidderschléi ze rechnen. Vum Mëttwoch bis de Samsde kann et dem amerikanësche GFS no ëm 30 l/m² reenen. Et ass déi meecht Zäit gro, d’Sonn kënnt sech just zäitweis mol weisen.

Eng Spur vu Wanter?

Opgrond vun den ze héigen Temperaturen, déi do rem a Siicht sinn, ass a nächster Zäit wuel net mat richtëgem oder bestännëgem Wanterwieder ze rechnen. Ufanks der Woch kann et wuel an de Nuechten zu e puer Flacke komme, mee si vu kenger gréisserer Bedeitung. Kuckt een e bësse weider um GEFS Ensemble, da géifen d’Temperaturen de momentane Simulatioune no a Richtung 11. Dezember däitlech zréckgoen. Ob daat e klengt Unzeeche vir richtëgt Wanterwieder ass, wees keen.